Och hätten déi Responsabel vun der CSV bis haut ni e Gespréich mat him iwwer den Dossier geféiert, esou de Jos Schummer: "Ech krut keng Ënnerstëtzung vu menger Partei, weder positiv nach negativ".
De Jos Schummer wëllt als onofhängege Buergermeeschter zu Biisse bleiwen. Déi nächst Deeg géifen et Gespréicher mat alle Säite ginn. Hie wéilt séier Kloerheet iwwer d'Kräfteverhältnisser an der Gemeng. Och d'CSV-Conseillère Cindy Barros wier aus der CSV ausgetrueden a wéilt elo als onofhängeg Conseillère am Gemengerot bleiwen. Dozou seet de Jos Schummer: "D'CSV ass an enger Minoritéit, mir sinn zu zwee onofhängeg, an "Är Leit" hunn eng nei Majoritéit vu fënnef Leit. Do muss ee matenee schwätzen a kucken, wéi ee weiderkënnt. Do wäert eng Partei wahrscheinlech de Kierzeren zéien".
Duerch de Récktrëtt vum Jos Schummer aus der CSV hunn déi Chrëschtlech-Sozial zu Biissen hir absolut Majoritéit verluer.
De kompletten Interview vum Jean-Claude Franck mam Jos Schummer: