Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Aarbecht an de Maisons médicales: "Learning by doing"

Testen

D'Aarbecht an de Maisons médicales: "Learning by doing"

"Learning by doing", esou beschreift d'Anne-Marie Hanff déi éischt Deeg an den neie Maisons médicales. Déi Ausgebilten Infirmiere huet sech als Benevole gemellt fir am Zentrum ze schaffen. Ronn fënnef Leit, dorënner Dokteren, Infirmieren an aner Fräiwëlleger aus dem Gesondheetssecteur géifen an de Maisons médicales Leit ëmfänken, déi Symptomer vum neie Coronavirus weisen.

auto_stories

2 min

D'Anne-Marie Hanff ass Infirmière

De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


Ronn fënnef Leit, dorënner Dokteren, Infirmieren an aner Fräiwëlleger aus dem Gesondheetssecteur géifen an de Maisons médicales Leit ëmfänken, déi Symptomer vum neie Coronavirus weisen. De But ass fir Coronavirus-Patienten aus den Urgencen an den Dokter-Cabineten ze filteren, fir sou d'Ustiechungsgefor an de Wartesäll ze limitéieren. D'Organisatioun an den Haiser wier nach an der Ufanksphas, erkläert d'Anne-Marie Hanff.

"Wann een zum Beispill nëmmen eemol an der Woch do wier, dann huet een net den Iwwerbléck, wéi vill nach an der Reserve ass oder wéi vill een nach brauch. Do léiere mir all Dag dobäi. Mee lues a lues kommen do och Recommandatioune vum Ministère eraus. Et ass och schwéier vun Ufank un direkt alles prett ze hunn. Et war och keen drop agestallt, datt et elo esou schlëmm géing ginn."

D'Direktioun vun der Santé géif d'Koordinatioun aus der Distanz maachen. Bannent de Maisons médicales selwer wier d'Unzuel vu Leit sou niddreg wéi méiglech, fir d'Ustiechungsgefor sou wäit wéi méiglech ze minimiséieren, erkläert d'Infirmière.

"Duerchzuch ze maachen, gutt ze lëften, datt dat Ganzt sech net alles staut. De Leit baussen a bannen e Mask undoen. A mir hunn e Kostüm un, e Brëll an e Mask."

Leit sollen och nëmmen an eng Maison médicale goen, wann hiren Hausdokter si dohinner schéckt. Et hätt ee schonn eng ganz Partie Leit missten heem schécken, bedauert d'Anne Marie Hanff. Si rifft och dozou op, datt d'Leit roueg solle bleiwen, och wann d'Situatioun an den nächsten Deeg kéint méi akut ginn. Vun dësem Samschdeg u wäerten déi dräi Maisons médicales an der Stad, zu Esch an Ettelbréck vu moies 8 bis owes 8 fonctionéieren, 7 Deeg op 7.

"An do si se amgaang mat Personal sichen, a si hunn och gefrot op mir weekends kennen hëllefen. Mee et sinn och net nëmmen Infirmieren an Dokteren, mee och aner Leit aus dem Gesondheetssecteur, déi mat hëllefen den Tri ze maachen. An de Prelevement gëtt vun engem Laboratoire gemaach. Ech huelen un, dat sinn da Leit déi do schaffen a keng Fräiwëlleger."

Vu viraussiichtlech nächster Woch u géifen et dann zousätzlech Capacitéiten am Norden an an der Stad ginn, hat d'Gesondheetsministerin annoncéiert.