Zanter datt se am Bundestag ass, ass d'Provokatioun eent vun den Haaptmëttele vun der "Aarbecht" vun der AfD. Op iwwer Aussoen um Riednerpult oder an der Press, déi rietsnational Partei probéiert esou dacks et geet fir Opreegung ze suergen. Wéi lescht Woch Videoen opgedaucht si vun Zivilisten, déi am Bundestag Parlamentarier a Bundesminister um Wee an de Plenum belästegt hunn, huet et net laang gedauert, bis kloer war, wie géif dohannert stiechen.
Wéi sech erausgestallt huet, haten zwee AfD-Deputéiert riets Youtube-Createure mat an d'Parlament geholl. An hunn déi dunn, ouni Begleedung, an de Raimlechkeeten ronderëmlafe gelooss. E Video-Ausschnëtt weist, wéi eng Fra op de Bundeswirtschaftsminister ariet, wärend deen op de Lift waart:
Von der #AfD eingeschleuste rechtsextreme Covidioten bedrängen und beschimpfen Bundesminister Peter Altmaier #CDU im Bundestag. Da hat jemand sauber versagt, @PolizeiBerlin_E, dass sich Covidioten im Haus frei bewegen... m( #b1811 #Berlin1811 pic.twitter.com/lSJZhCbC5T
- Dietmar Muhlbock (@deltamikeplus) November 18, 2020
D'Belästegungen hunn um selwechten Dag stattfonnt, un deem d'Parlamentarier iwwer dat däitscht Infektiounsschutzgesetz ofgestëmmt hunn. Sécherlech keen Zoufall, schliisslech waren d'Corona-Mesuren fir d'Stéierer e grousst Theema.
D'Reaktiounen op dës Belästegungen hunn net laang op sech waarde gelooss. Parteiiwwergräifend gouf d'AfD schaarf kritiséiert. E puer Deeg méi spéit huet de Bundestag an engem groussen Debat iwwer d'Virfäll geschwat. Dobäi sot d'Parlamentarierin Britta Haßelmann vun de Gréngen: "Mir wäerten d'Parlament virun dësen destruktiven an anti-parlamentareschen Attacke schützen."
Eescht gemengten Excuse?
An d'AfD? Wärend ee vun de betraffenen Deputéierten demonstrativ um Handy gespillt huet, wärend iwwer d'Virfäll diskutéiert huet, koum vum Fraktiounschef Alexander Gauland eng Entschëllegung. Un der ironescher Reaktioun vum Plenum ass ze héieren, datt déi aner Deputéiert der AfD dës Entschëllegung net wierklech ofkafen. Datt d'Partei näischt vun de Pläng vu béiden Deputéiert wousst, schéngt onwarscheinlech. Momentan leeft nach eng Enquête an d'Belästeger musse mat juristesche Konsequenze rechnen.
Elo huet d'AfD awer béide Parlamentarier d'Recht am Plenum Rieden ze halen, entzunn - an domat tatsächlech emol eng konkret Reaktioun gewisen. Dës Mesure hellt, op d'mannst fir eng gewëssen Zäit, zumindest zwee Provokateuren déi parlamentaresch Bün.