Radioen

On air

Tockcity  |  Ride - Peace Sign

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Affär huet d'Haus gestäerkt"

Spuerkeess

"D'Affär huet d'Haus gestäerkt"

An der Affär wéinst Verdacht op Steierhannerzéiung vu Clienten hat d'Spuerkeess den däitschen Autoritéite 14 Milliounen Euro iwwerwisen. D'Bank hätt gewisen, datt een a sou enger Situatioun zu de Clienten an de Mataarbechter géif halen, seet d'Generaldirectrice Françoise Thoma.

auto_stories

3 min

Enn 2016 hat d'Spuerkeess den däitschen Autoritéite 14 Milliounen Euro iwwerwisen. Dat wier eng Transaktioun gewiescht, fir den Dossier am Interesse vun de Clienten, de Mataarbechter an der Bank selwer ofzeschléissen, seet d'Spuerkeess-Generaldirectrice. Enger Rei vun däitsche Spuerkeess-Clientë war virgehäit ginn, si hätten hir Steieren net all bezuelt, sou d'Françoise Thoma. Dësen Dossier wier elo zum Gléck komplett ofgeschloss.

Dës Affär hätt dem Ruff vun der Spuerkeess net geschuet, seet d'Françoise Thoma. "Au Contraire, et ass domat bewise ginn a gewise ginn, datt mir a sou engem Fall kënne professionell an ethesch reagéieren." Souwuel d'Clientë wéi d'Mataarbechter hätte gesinn, "datt d'Haus zu hinnen hält a sou enger Situatioun." Dowéinst wier een der Meenung, datt d'Affär d'Spuerkeess gestäerkt hätt.

D'Françoise Thoma ass zënter Juni 2016 Generaldirectrice vun der Spuerkeess. Hir Bank hat 2015 eng Plainte hei am Land wéinst Dateklau gemaacht. Dësen Dossier léich an den Hänn vun der Justiz, seet d'Generaldirectrice.

Déi däitsch Autoritéite waren duerch eng Daten-CD un Informatiounen iwwer dausende Spuerkeess-Clientë komm.

Verschidde Bankservicer net méi gratis

E gudde Service huet e Käschtepunkt an deemno och e Präis, seet d'Françoise Thoma. D'Banken hätte vill nei Fraisen, a si géife vill investéieren. Responsabel wieren och déi extrem niddereg Zënsen, déi "net méi op deen Niveau wäerte kommen, wou se viru Jore mol waren."

D'Spuerkeess wier sech bewosst, datt d'Tariffer fir eng Rei vu Servicer, déi fréier gratis waren, net fir Begeeschterung bei de Clientë suergen.

D'Françoise Thoma confirméiert, datt d'Spuerkeess d'lescht Joer siwen Agencen zougemaach huet. Déi staatlech Bank hätt awer mat 63 Filialen nach ëmmer dee gréisste Reseau zu Lëtzebuerg.

D'Spuerkeess hätt nach ëmmer relativ streng Critèrë gehat, fir Immobilie-Prêten z'accordéieren, seet d'Françoise Thoma. "Mir sinn net déi Bank, déi Clienten e Kredit gëtt a se domat an de Surendettement dréift." Et géif een dem Client kloer soen, wat e sech kéint leeschten.

Keng absolut Sécherheet géint Cyber-Attacken

Cyber-Attacke wieren och bei Banken e ganz grousse Sujet, sou den neie President vum Spuerkeess-Verwaltungsrot, Camille Fohl. "Mat Innovatioun kommen ëmmer nei Featuren. An nei Feature bréngen och nei Risike mat sech." Et wier eng Course géint d'Zäit. Concernéiert wieren net just Informatik-Spezialisten, mee och d'Astellung vun de Clienten. An de leschten Deeg hätt ee gesinn, datt all Secteur concernéiert wier.

D'Spuerkeess selwer hätt bis elo all Cyber-Attacke kënnen ofwieren, seet d'Generaldirectrice Françoise Thoma. "Mir hunn do ganz investéiert, fir datt mer do um leschte Stand sinn." Absolut Sécherheet kéint een awer net kréien.