Radioen

On air

Resonanzen  |  Nei Releasen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'AMMD ass optimistesch virun der Entrevue mat eSanté

Santé

D'AMMD ass optimistesch virun der Entrevue mat eSanté

Nodeems de Sträit tëscht der Dokteschvereenegung AMMD an der Agence eSanté ëm déi sougenannte Gesondheet-App an de leschte Wochen eskaléiert ass, sicht een elo d'Gespréich. E Mëttwoch ass eng Entrevue geplangt, genee op dem Dag wou och den Ultimatum vun der AMMD ausleeft. Déi politesch Signaler aus de leschten Deeg géifen awer drop hindeiten, datt een eng Léisung géif fannen, sou de Vizepresident vun der AMMD Philippe Wilmes am 100,7 Interview.

auto_stories

2 min

De Philippe Wilmes ass Vize-President vun der AMMD. (Foto: Jo Diseviscourt)

Lauschterenplay_arrow


D'AMMD hat iwwer d'Firma DHN, un der si och och zu 80 Prozent bedeelegt sinn, eng eegen App entwéckele gelooss a vill Geld dran investéiert. Ausgangspunkt war den Tiers payant, also dat direkt digitaalt Zréckbezuelen duerch d'Krankekeess. Verbonne mat der App wieren och aner Servicer wéi den Accès vum Patient op säin Dossier oder d'Méiglechkeet, Rendez-vousen ze huelen.

Well den Dossier net viru koum an och Konkurrenzproduiten op de Maart koumen, huet d'AMMD per Ultimatum dräi Fuerderunge gestallt: eemol soll d'Signature électronique vun der App unerkannt ginn. Da sollen nieft den Dokteschrechnungen och Ordonnancen a Krankeschäiner iwwer dës App lafen. An drëttens soll déi finanziell Ënnerstëtzung vum Sozialministère och fir d'Aféiere vun dëser App ugewannt ginn.

Eng Eenegung ass méiglech

E Mëttwoch soll elo den Ultimatum auslafen, mee elo gëtt emol fir d'éischt d'Gespréich gesicht, sou de Philippe Wilmes, Vizepresident vun der AMMD. Vun der Agence eSanté hätt een eng Invitatioun kritt, fir sech mam Comité de Gestion vun der Agence ze treffen, esou de Philippe Wilmes.

"Mir si gespaant wat mir och vu Säite vun der Agence eben zu deenen heiten Themen u Positioun kréien a wéi mir dann dobäi eraus kommen. Nächste Mëttwoch ass jo och den Oflaf vun dem sougenannten Ultimatum an ech mengen, datt déi Reunioun dann eng ganz wichteg ass fir ze gesinn, wéi sech d'Politik positionéiert par rapport zu dëser Problematik."

Fest steet awer elo schonn, datt dee bis ewell ganz polemeschen Toun ewell ee ganz aneren ass. Fir den AMMD-Vizepresident ass en Accord allefalls realistesch:

"Sou wéi sech elo awer déi lescht Signaler vu Säite vun der Politik liese loosse klengt et awer éischter duerno, wéi wann do eng Eenegung méiglech wier."

Fir de Fall, datt een sech net géing eens ginn, hat d'AMMD dermadder gedreet, d'Nomenclature-Kommissioun an de Konventionéierungssystem ze verloossen.