Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Angscht ass de Feind vun der Fuerschung

Chronik

D'Angscht ass de Feind vun der Fuerschung

E Fuerscher kritiséiert d'Regierung a verléiert seng Aarbecht. Net a Russland oder China, mee hei zu Lëtzebuerg. Gouf et politeschen Drock op de Jeff da Costa? Oder hat säi Chef Angscht, e kéint d'Hand bäissen, déi hie fiddert? Fir den Tom Haas wier dat nach méi schlëmm wéi d'Interventioun vun engem Politiker.

auto_stories

3 min

De Jeff Da Costa ass säin Job bei RSS-Hydro lass. Entweder well et politeschen Drock gouf, wéi hie mengt, oder fir dem Drock zevir ze kommen, wéi säin eemolege Patron Guy Schumann erzielt. D'Fro ass: Wéi eng Versioun vun de Faiten ass eigentlech besser?

Wann et politeschen Drock gouf, dann ass d'Saach einfach: et gëtt ee Responsabelen, dee seng Muecht ausgenotzt huet, dee seng Kompetenzen iwwerschratt huet.

Et ass dann en Eenzelfall an enger politescher Kultur, déi am Ëmgang mat enger kritesch-wëssenschaftlecher Ëffentlechkeet nach an de Kannerschong stécht.

Lëtzebuerg huet keng laang akademesch Traditioun, eréischt an der rezenter Vergaangenheet hu Wëssenschaftler hei am Land ugefaangen, wierklech um politeschen Discours deelzehuelen. Net als ëffentlech Intellektueller, mee als Wëssenschaftler.

Dat ass nei, do geschéie Feeler an déi musse konsequent opgekläert ginn. Net manner, mee och net méi.

Méi schlëmm ass et am Fong, wann et keen Drock op dem Jeff da Costa säi Chef gouf. Dat heescht nämlech, datt de Feind vun der Wëssenschaft am Kapp vun de Fuerscher selwer ass - an dee Feind ass d'Angscht.

Ee fataalt Signal

Wien Angscht ëm seng Plaz oder Angscht ëm seng Zukunft huet, deen hält am Zweiwel nämlech léiwer de Bak: Wa seng Resultater dem allgemengen Discours widderspriechen, oder wann hien e Feeler fënnt, duerch dee säi Virgesetzten oder säi Financier domm do steet.

D'Causa Jeff da Costa ass e fataalt Signal un all jonke Fuerscher. E Wëssenschaftler muss kënne seng Meenung soen an e muss souguer dierfen donieft leien.

Wëssenschaft ass geliefte Feelerkultur - et gëtt sech esou laang geiert, bis een e bësse manner falsch läit wéi um Ufank.

Fuerschung ass kee Luxus

Knapps 420 Milliounen Euro stécht de Lëtzebuerger Staat all Joer an d'Uni an an d'Fuerschung hei am Land, 144 Milliounen Euro gi mir fir d'Studentebourssen aus.

Dat ass kee Luxus, dee mir eis gënnen. Mir brauchen Fuerscher, mir brauche qualifizéiert Leit, déi sech dorobber konzentréieren, eis Welt ze erklären, eis Problemer ze léisen an eist Liewe besser ze maachen.

Mee mat Suen ass dat net gedoen, mir brauchen och e Klima, an dem Wëssenschaftler an der Ëffentlechkeet widderspriechen, diskutéieren a kritiséiere kënnen - ouni datt si fäerte mussen.

Eng gedeelte Responsabilitéit

D'Responsabilitéit dofir läit op ville Plazen. Den FNR bitt am Kader vum Programm "Science in society" Training fir Wëssenschaftler un, wou si léieren, mat de Medien ze kommunizéieren.

Dat ass e gudden Ufank, mee och d'Politik muss eppes maachen - si muss ufänken, Wëssenschaft net just als Fournisseur vu Stéchwierder fir knackeg Sonndesrieden ze begräifen, mee sech aktiv mat komplexe Prozesser a Widderspréch auserneen ze setzen.

An och mir als Journalisten hunn eng Responsabilitéit: Mir mussen ophalen, eis déi kontroverst Etüd erauszepicken an dem leschte Leugner vum Klimawandel nach e Mikro virun d'Nues ze halen, just well d'Kontrovers 36 Prozent méi Klicks op Facebook bréngt.

An d'Wëssenschaftler hunn natierlech och eng Responsabilitéit: Si mussen de Bak opdoen an d'Politik an d'Ëffentlechkeet nerven, Opklärung fuerderen an dem ganze Kaméidi aus Stëmmung, Meenung a Verschwörungstheorie entgéint trieden - mat hirer Recherche a mat hirer fundéierter Interpretatioun vun de Fakten.

Si mussen net ëmmer Recht hunn, mee si liwweren d'Basis, op där mir iwwerhaapt diskutéiere kënnen. An dem Sënn muss ee soen: Lëtzebuerg brauch am Fong méi wéi een Jeff da Costa.