Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  LA Priest - It's You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Angscht virun der Migratioun

Fräie Mikro

D'Angscht virun der Migratioun

Europa deet sech schwéier mat der Flüchtlingsfro: Si suergt international fir Opreegung, gëtt fir innepolitesch Zwecker mëssbraucht a si polariséiert d'Gesellschaft. "Wéi laang musse mir deem Zirkus nach nokucken", freet de Laurent Moyse.

auto_stories

3 min

Laurent Moyse

Viru genee 80 Joer, vum 6. bis de 15. Juli 1938, hu sech 32 Delegéiert zu Evian zesummefonnt, fir iwwer d'Flüchtlingskris ze schwätzen, déi deemools an Europa ëmmer méi akut ginn ass. Mat Ausnam vun der Dominikanescher Republik hunn d'Länner dunn decidéiert, datt hir Grenzen dicht bleiwen an nëmmen eng begrenzten Zuel vu Flüchtlingen opgeholl ginn. D'Resultat kenne mir: Mat deem Beschloss kruten d'Diktature vun deemools en Zeechen, datt si ouni grousse Widderstand hir rassistesch an antisemitesch Ënnerdréckungspolitik konnte weiderdreiwen.

EU schléisst Accorde mat zweiwelhafte Staaten

Et soll een ëmmer virsiichteg bleiwen, wann een déi haiteg Situatioun mat där vun deemools vergläiche wëllt. Et soll een oppassen, datt een d'Saachen am richtege Kontext beliicht, datt een net alles duerchernee geheit a Froe vu Rechtsstaatlechkeet an Demokratie an d'richtegt Liicht réckelt. Et fält awer op, datt 80 Joer no Evian d'Flüchtlingsfro erëm politesch mëssbraucht a wirtschaftlech ausgenotzt gëtt. D'EU schléisst en Ofkommes mat Staaten, déi net nëmmen eng zweiwelhaft Reputatioun a punkto Mënscherechter hunn, mee och scho laang verstanen hunn, datt ee mat där Problematik Drock ausüben an eventuell och Suen dofir froe kann, wéi dat zum Beispill mat der Tierkei de Fall ass. Esou ähnlech sinn d'Bezéiunge mat de Maghreb-Staaten oder mat Libyen. De Khaddafi huet zu senger Glanzzäit ganz gutt verstanen, wéi een d'Flüchtlingsschleisen op an zou maache sollt, fir seng Politik duerchzezéien. Och d'Flüchtlingszuel aus Marokko a Richtung spuenesch Inselen ass zäitweis geklommen, zoufälleg dann, wann de Problem vun der westlecher Sahara erëm op d'Tapéit komm ass.

D'Zäit vun de Paradoxen

Dobäi kënnt, datt esou laang eng ganz Rei gescheitert Staaten, iwwer déi kaum nach ee schwätzt, weider am Chaos ënnerginn, de Mënschenhandel floréiert an d'Konflikter undauere wäerten. Mat Transitzenteren oder Opfanglagere kritt een de Problem net an de Grëff. Et ass e Paradox, dee grad am Moment, wou d'Zuel vun de Refugiéen, déi a Richtung Europa auswanderen insgesamt erofgeet, ëmmer méi Moossname getraff ginn, fir Maueren opzeriichten. Et ass e weidere Paradox, datt grad an enger Zäit, wou d'Mobilitéit ëmmer méi grouss gëtt an d'Sesshaftegkeet net méi dee Stellewäert huet wéi fréier, alles gemaach gëtt, fir d'Awanderung ze ënnerbannen. Amplaz d'Entwécklungshëllef vun de räiche Länner ze hannerfroen, amplaz d'Korruptioun vun den Machthaber an enger ganzer Rei vu Länner ze bekämpfen, gi grad déi, déi am mannsten dofir kënnen, drangsaléiert oder zeréckgewisen.

De Ruff nom staarke Leader gëtt ëmmer méi haart

De Flüchtling mécht Angscht. Hie verkierpert de Frieme par excellence, deen deen anescht ass an eis de Spigel virun d'Aen hält. De Ruff nom staarke Mann, wéi mir dat ëmmer méi an Europa observéieren, huet jo net als Zil, de Flüchtlingsproblem ze léisen, mee eis vun enger Realitéit ofzeschiermen, mat där mir näischt méi ufänke kënnen a wou et u politesche Léisunge feelt. Domat gi mir deenen d'Verantwortung, déi d'Mënschheet a Kategorien opdeelen an domat d'Intoleranz propagéieren.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.