Et feelt nämlech un Infirmieren, just 35 Prozent vun deenen, déi hei schaffen, liewen och zu Lëtzebuerg. All déi aner kommen aus den Nopeschrégiounen. Déi Ofhängegkeet vum noen Ausland wär geféierlech, seet d'Anne-Marie Hanff. Et hätt een d'Politik schonn dacks op déi Situatioun ugeschwat "an dat gouf ëmmer esou e bësse belächelt", esou d'Anil-Presidentin. An dëser Kris hätt sech awer kloer gewisen, datt de System "net ganz" esou stabel wier.
"Mat 35 Prozent vun de Leit, déi een an enger normaler Situatioun huet, kann een an enger Pandemie net schaffen."
D'Konditiounen an den Heemechtslänner gi lues a lues méi attraktiv fir d'Frontalieren
Déi gutt Lëtzebuerger Paie wieren op Dauer keng Garantie dofir, datt se weider léiwer heihinner schaffe kommen, sou d'Anil-Presidentin.
"Dat wäert elo ëmmer méi schwéier ginn. Wann een de Ministeren an de Staatscheffen aus dem Ausland oder aus der Grande Région nolauschtert, dann héiert een ëmmer méi: Voilà, mir wëllen Iech valoriséieren, d'Paie gi méi héich, oder d'Leit gi mat super Kontrakter dohinner gelackelt oder do behalen."
Dacks géifen Infirmieren am noen Ausland och schonn dozou verflicht ginn, fir eng gewëss Unzuel vu Joren an hirem Land ze schaffen, mam Argument, datt si d'Formatioun jo och an hirem Heemeschtsland gemaach hätten, esou d'Anne- Marie Hanff.
"A wann een dann herno de Bilan mécht, den Trafic fir op Lëtzebuerg ass jo och net grad dee liichtsten, an d'Pai déi gehéicht gëtt am eegene Land, wou ee wunnt, da wäert dat vill Frontalieren och motivéieren, erëm bei sech ze schaffen."
De Beruffsstand huet elo en direkten Uspriechpartner am Gesondheetsministère
Déi vill kleng Geste vun Unerkennung an de leschte Wochen hätten dem Personal an der Fleeg gutt gedoen, esou d'Presidentin vun der Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren. D'Anne-Marie-Hanff gleeft och drun, datt hire Beruffsstand nohalteg eng aner Wäertschätzung an der Gesellschaft kritt. Datt den éischte Juni de Poste vun engem "Chief Nursing Officer" am Gesondheetsministère wäert besat ginn, wier e kloert Signal an deem Sënn. D'Infirmièren an Infirmiere kréichen domat e festen Uspriechpartner an der Santé, esou d'Anne-Marie Hanff:
"Et gëtt eng Persoun, déi am Fong wierklech fir eis och responsabel ass, an déi mir kënne kontaktéieren, wa mir eng Fro hunn, an déi eis wierklech do vertrëtt a kuckt, datt d'Decisiounen, déi getraff ginn, och am Sënn vun den Infirmièrë sinn."
D'Besetzung vun där Positioun war den Dënschdeg (gëschter), am Kader vum internationalen Dag vun den Infirmieren ugekënnegt ginn.