Radioen

On air

Trendscheif  |  Kara Jackson - Right, Wrong or Ready

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Archivgesetz muss reviséiert ginn

Fräie Mikro

D'Archivgesetz muss reviséiert ginn

Zanter e puer Joer verlaangen d'Vertrieder vun der Fuerschung eng Revisioun vum Lëtzebuerger Archivgesetz vun 2018. E Vergläich mam Ausland weist wéi batter noutwendeg dës Adaptatioun ass, mengt den Historiker Denis Scuto am Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

Op Initiativ vun der Kulturministesch Sam Tanson, vum Nationalarchiv a vum Lëtzebuerger Zenter fir Zäitgeschicht (C2DH) gouf kierzlech eng Journée d'échanges organiséiert mam Theema Zougang zu Archiven.

Dossiere sinn net accessibel

No de Virträg vun den archivisteschen Experten[1] aus Lëtzebuerg, Frankräich, der Belsch an Däitschland hunn d'Fuerscher, déi am Sall waren, all dat selwecht geduecht. Wat wier dat esou schéin, wann een ee Fuerscher a Frankräich oder an der Belsch wier.

Opgrond vun den Dispositioune vum Lëtzebuerger Archivgesetz vun 2018 vill Dossieren aus der Zäit vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg, nach ëmmer net direkt accessibel an duerch ze laang Schutzfriste gespaart sinn, huet d'franséisch Regierung 2015 eng Derogation générale fir all Archivfongen aus der Zäit virun 1945 decidéiert.

Méi Virdeeler am Ausland

Een anert Beispill: d'lescht Woch hunn ech alt nees eng Demande de dérogation missen erareechen fir Naturaliséierungsdossieren kënnen ze consultéieren, dat obwuel ech esou Dossiere virun 2018 hu kënne kucken, obwuel ech meng Dokterthees dozou geschriwwen hunn, an obwuel ech zanter bal 20 Joer Expert fir Lëtzebuerg an engem europäeschen Observatoire zur Nationalitéit sinn.

Ech betounen, datt et Woche respektiv Méint kann dauere bis ee Fuerscher d'Äntwert op seng Demande de dérogation kritt. An de belschen Archiver brauch ech just eng Déclaration de recherche ze ënnerschreiwen, an där ech mech engagéiere responsabel mat den Donnéeën ëmzegoen, ë. a. d'Dateschutzreegelen an d'Reegelen zum Schutz vun der Privatsphär ze respektéieren, an ech hunn déi Dossiere bannen 30 Minutten.

Dateschutz zielt als Haaptargument

Opgrond vun anere Lëtzebuerge Gesetzer sinn d'Actes de décès 100 Joer gespaart, wärend se a Frankräich z. B. direkt fir Genealogisten accessibel sinn an an der Belsch no 50 Joer.

D'Journée d'échanges huet och ënnerstrach, datt den Dateschutz, deen net fir doudeg Persoune gëllt, an de Schutz vun der Privatsphär, déi zu Lëtzebuerg ëmmer nees fälschlecherweis als Argument benotzt ginn, fir wëssenschaftlech Fuerschung ze behënneren, a kengem vun eisen Nopeschlänner e Grond si fir den Accès, d. h. d'Consultatioun vun Archiven ze erschwéieren, wa Garantië beim Traitement a bei der Publikatioun virgesi ginn.

D'Recht op Informatioun

Interessanterweis hunn d'Experten aus der Belsch a Frankräich sech allebéid op ee Gesetz beruff aus der Zäit vun der Franséischer Revolutioun, an där d'Mënscherechter, déi d'Basis vun eiser Konstitutioun sinn, proklaméiert goufen. Dat Gesetz vu 1794 ass och zu Lëtzebuerg reng formell nach ëmmer a Kraaft a seet am Artikel XXXVII: "Tout citoyen pourra demander dans tous les dépôts (d'archives), aux jours et aux heures qui seront fixés, communication des pièces qu'ils renferment. " (loi du 7 messidor an II)

Dat weist, datt et hei ëm méi geet wéi ëm d'Recht op Fuerschung am ëffentlechen Interessi, mee ëm d'Recht vum Bierger op Informatioun, ëm Transparenz an ëm d'Fundamenter vun eiser Demokratie. Dofir widderhuelen ech, am Numm vun de Fuerscher a Fuerscherinnen hei am Land, eise kloren Appell un d'Lëtzebuerger Regierung: Huelt Iech e Beispill un de Legislatioune vun eisen Noperen a reviséiert d'Archivgesetz!

Denis Scuto, Fräie Mikro, radio 100,7, 21.2.2023


[1] Frank Bischoff, Präsident des Landesarchivs Nordrhein-Westfalen; Bastien Chastagner, Chef du Bureau de l'accès aux archives et de l'animation du réseau au service interministériel des Archives de France ; Sébastien Dubois, Directeur opérationnel aux Archives générales du Royaume de Belgique ; Corinne Schroeder, Conservatrice de la Section contemporaine aux Archives nationales de Luxembourg.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.