Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'ASBL Passerell iwwer déi aktuell Situatioun vu Flüchtlingen

Europäesch Asylpolitik

D'ASBL Passerell iwwer déi aktuell Situatioun vu Flüchtlingen

Iwwer 500 Mënschen op der Flucht kéinte beim Bootsongléck viru Griichenland Mëtt der leschter Woch ëm d'Liewe komm sinn. Bis ewell konnten 78 Doudesaffer gebuerge ginn, 104 Mënsche konnte gerett ginn. Et gëtt geschat, datt bis zu 700 Mënschen u Bord vum Fëscherboot waren, wéi et ënnergaangen ass. D'Migranten, déi iwwerlieft hunn, ginn an e Flüchtlingslager bei Athen bruecht, déi meescht kéimen aus Syrien, Afghanistan a Pakistan.

auto_stories

4 min

Foto: Archiv

Iwwer 100 Millioune Mënsche sinn am Moment weltwäit op der Flucht viru Verfolgungen, Konflikter, Gewalt a Mënscherechtsverletzungen. Dës Zuel klëmmt de Moment esou staark wéi nach ni virdrun, esou d' UN-Flüchtlingskommissariat UNHCR.

Ugangs der leschter Woch koum et um Kierchbierg zu engem Duerchbroch am jorelaange Sträit iwwert déi europäesch Asylpolitik. An engem neien Accord ënner anerem gouf festgehalen, datt Länner, an deene vill Refugiéen ukommen, dës entweder an aner EU-Membere kënne schécken oder eng finanziell Entschiedegung kréien.

Donieft sollen d'Konditioune fir déi Migranten, vun deenen ugeholl gëtt, datt se keng gutt Chancen hunn, an der EU ze bleiwen, verschäerft ginn - duerch méi séier Prozeduren, déi si direkt un der Grenz duerchlafen.

Europa geet net an déi richteg Richtung

D' ASBL Passerell, d'Associatioun vun Affekoten déi Asyldemandeuren, Flüchtlingen a Migranten hei am Land juristesche Bäistand gëtt, bléckt kritesch op déi Mesuren. Dozou d'Catherine Warin.

"Nous ce qu'on regrette, c'est que l'Europe ne va pas dans une bonne direction. Et que c'est extrêmement triste et que probablement on va voir de plus en plus de ces tragédies. Notamment avec les développements en ce qui concerne le nouveau pacte sur l'asile et la migration."

De Migratiouns-Pakt, deen eng Konzentratioun vun den Asyl Verfaren un den EU-Baussegrenze virgesäit, kéint ënnert anerem zu méi Pushbacks féieren - also d'Zréckdrécke vu Booter mat Migranten.

"Ce qu'on va voir c'est de plus en plus de personnes coincées aux frontières, donc probablement de drames aussi aux frontières."

D'Aféiere vu feste Strukturen op den EU-Baussegrenzen, an deenen eng Partie vun de Refugiéen agespaart géife ginn, fir da rapid Asyl-Prozeduren ze duerchlafen ass allgemeng ëmstridden. Datt méi Vitesse an Asylprozedure soll kommen, wier zwar net forcement schlecht, mengt d' Catherine Warin, virun allem well aktuell verschidde Leit bis zu véier Joer op eng Äntwert waarden. Trotzdeem kéint et geféierlech ginn, esou d'Presidentin vu Passerell nach weider.

"ce qui est très inquiétant, c'est si les procédures accélérées se font sans la garantie, sans les personnes peuvent aller voir un juge pour contester une décision, si ces personnes Pendant ces procédures accélérées elles sont coincées dans des centres, en fait dans des prisons aux frontières"

Schwieregkeete bei der Opnam vu Flüchtlingen

Passerell wier bewosst, datt Lëtzebuerg eleng net déi ganz europäesch Politik ëmkrempele kann, mee stellt awer och fest:

"C'est important de continuer à insister sur le respect des droits humains, des droits fondamentaux, ce que fait d'ailleurs le ministre luxembourgeois des affaires étrangères, il insiste toujours là-dessus dans les discussions européennes."

Dat géif awer net heeschen, datt et net och hei am Land Problemer bei der Prise en charge vu Mënschen op der Flucht géif ginn, betount d'Catherine Warin.

"Après il y a aussi le niveau au Luxembourg, comment on accueille les réfugiés, et comment on respecte leurs droits, et ça ce sont des choses sur lesquelles on peut aussi travailler."

Zu Lëtzebuerg wier d'Situatioun fir Flüchtlingen zwar besser wéi an aneren europäesche Länner,

"(...) mais il y a aussi des choses qui doivent être améliorées, il y a encore des gros problèmes, par exemple en ce qui concerne les regroupements familiaux. Donc des enfants qui sont privés du droit de revoir leur Famille."

Allgemeng wat d'Rechter vun de mannerjärege Migranten a Migrantinnen zu Lëtzebuerg ugeet, géif et nach Loft no uewe ginn, esou nach d'Cathrine Warin vu Passerell.