Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Tommy Guerrero - It Gets Heavy Feat. Gresham Taylor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Auslänner sinn eng Chance fir Lëtzebuerg"

Immigratiounspolitik

"D'Auslänner sinn eng Chance fir Lëtzebuerg"

"D'Auslänner sinn eng Chance fir Lëtzebuerg". Där Meenung waren alleguerten d'Parteien, déi véier Méint virun de Chamberwahlen, vun der Auslännerassociatioun ASTI op eng Table ronde zum Thema Migratiounspolitik invitéiert goufen. Oneens ware sech LSAP, déi gréng, CSV, ADR, déi Lénk an DP, iwwer déi automatesch Inscriptioun vun den Auslänner bei de Gemengewahlen a bei der Regularisatioun vun illegalen Awanderer.

auto_stories

3 min

Et gëtt ee Konsens fir zu Lëtzebuerg bei der Integratioun vun den Auslänner weider ze kommen. Dat war eng vun de Konklusiounen op enger Table ronde vun der ASTI op där sechs Parteien dräi Froen zum Thema Immigratioun gestallt kruten a sech eng no där anerer konnt positionéieren. Eens war ee sech och, datt d'Immigratioun zu Lëtzebuerg ee komplexe Sujet wier op deem d'Politik nach vill misst schaffen.

Charles Margue: "Kee Vivre Ensemble" zu Lëtzebuerg

Fir de Charles Margue vun déi gréng a fréieren Direkter vun TNS Ilres géif et hei am Land un engem "Vivre Ensemble" feelen. "Zu Lëtzebuerg ginn et lauter kleng Welten. Communautéiten, déi sech ignoréieren." Zwielef Prozent vun de Leit géifen net gutt liewen, egal wéi eng Nationalitéit se hunn, seet de Charles Margue. Et géife Leit ginn, déi sech ee Liewen zu Lëtzebuerg net méi leeschte kéinten, anerer géife sech Luxusappartementer kafen. 2018 misst een de Bilan maachen, vun deem wat existéiert. "Jidderee seet, datt déi Diversitéit e Räichtum ass, mä et muss een déi Chance och ergräifen, well net all Mënsch lieft dëse Räichtum."

Fernand Kartheiser: Gelongen Immigratioun iwwer Sprooch, Kultur a Valeuren

Fir de Fernand Kartheiser kéint een d'Erausfuerderunge vun der Immigratioun just duerch eng gutt definéiert Integratioun an duerch Solidaritéit tëschent de Mënsche meeschteren. Fir d'ADR géif dat virun allem iwwer d'Maîtrise vun der Lëtzebuerger Sprooch geschéien. Et misst een och d'Lëtzebuerger Geschicht a Valeure kennen. "Dat sinn dräi Erausfuerderungen. Wéi kënne mir déi nei Leit, déi op Lëtzebuerg kommen dozou bréngen, eis Sprooch, Kultur a Valeuren mat eis ze deelen?", seet de Fernand Karheiser.

Franz Fayot: Net-Lëtzebuerger um politesche System deelhuele loossen

De Franz Fayot plädéiert virun allem fir Verbesserungen um Niveau vum Aarbechtsmaart fir Flüchtlingen a beim Educatiounssystem. Fir d'Net-Lëtzebuerger ze integréieren misst een hinnen d'Gefill ginn, datt si um politesche System kënnen Deel huelen, seet den LSAP Deputéierten. "Dat geschitt net all sechs Joer, andeems een ëmmer méi Net-Lëtzebuerger rekrutéiert a si op Lëschten a Plakater setzt, während engem Wahlkampf. Et muss iwwer d'Kommunikatioun a verschiddene Sprooche goen."

Maurice Bauer: Net-Lëtzebuerger fir duebel Nationalitéit encouragéieren

A genee dat hätt déi aktuell blo-rout-gréng Regierung net genuch gemaach, kritiséiert de Maurice Bauer vun der CSV. Grad nodeems d'Nationalitéitegesetz d'Lescht Joer reforméiert gouf an d'Demarchë vereinfacht goufen. "Ech weess wierklech net, ob déi aktuell Regierung och nëmmen eemol d'Auslänner dozou encouragéiert huet, fir déi duebel Nationalitéit ze adoptéieren", seet de Maurice Bauer.

LSAP, déi gréng an déi Lénk: automatesch Aschreiwung bei Gemengewahlen

D'LSAP, déi gréng an déi Lénk plädéieren fir eng automatesch Aschreiwung vun den Net-Lëtzebuerger bei de Gemengewahlen. Bis ewell muss ee wéinstens fënnef Joer am Land gewunnt hunn fir kënne wielen ze goen. "Mir si fir d'Inscription d'office. Well och esou kann een erausfannen, wéi laang d'Persoun schonn am Land lieft", seet d'Sandrine Gashonga vun déi Lénk. D'ADR, d'CSV an d'DP sinn dogéint.

DP fir zyklesch Regularisatioun

Weider Meenungsverschiddenheete gouf et beim Thema Regularisatioun vun illegalen Awanderer. Fir d'DP zum Beispill soll d'Regularisatioun net zur Regel ginn, erkläert de Gilles Baum. "Mir schwätzen vu Leit, déi wierklech vulnerabel sinn. Et soll een hinne keng falsch Hoffnung maachen." D'Regularisatioun soll op eng zyklesch Manéier gemaach ginn. 2013 wiere 600 Persoune Kandidat gewiescht, fir regulariséiert ze ginn. Zwee Drëttel goufe schlussendlech och regulariséiert, een Drëttel net.

D'CSV an d'ADR gesinn och kee Grond, elo eppes um Gesetz, dat d'Regularisatioun vun illegalen Awanderer regelt, ze änneren. Datt d'Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg eenzegaarteg a komplex ass, doriwwer ware sech alleguerten d'Parteien eens. Iwwer konkret Propose vun de verschiddene Parteien, kënnen d'Wieler dann am Oktober ofstëmmen.