Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Barbara Streisand an d'Kritik u Politiker

Fräie Mikro

D'Barbara Streisand an d'Kritik u Politiker

Wann eng negativ Informatioun duerch Aktioune vun deem, dee se wëllt geheim halen, eréischt esou richteg bekannt gëtt, schwätzt ee vum Streisand-Effekt. Dee schénge munch Politiker zu Lëtzebuerg nach net ze kennen. Genee esou wéineg wéi d'Grenze vun der Meenungsfräiheet, mengt de Frank Wies, Affekot a Member vun der consultativer Mënscherechtskommissioun a sengem Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

De Frank Wies ass Affekot a a Member vun der consultativer Mënscherechtskommissioun. Foto: Archiv

Wéi déi amerikanesch Artistin Barbara Streisand 2003 eng Plainte géint ee Fotograf gemaach huet, well dësen um Internet en Bild vun hirer Villa publizéiert hat, goung de Schoss no hanne lass. Am Mount, nodeems déi Klo bekannt gouf, ass d'Foto déi si wollt geheim halen, 420.000 Mol ugeklickt ginn. Nach haut fënnt ee se wann ee "Streisand-Effekt" antippt.

Zu Lëtzebuerg kéint dëse Phenomen zanter e puer Wochen an "Keup- a Kartheiser-Effekt" ëmgedeeft ginn. Well bal jiddweree kennt mëttlerweil déi rustikal Wieder, mat deenen den Tageblatt-Chefredakter Dhiraj Sabharwal senger Roserei géint déi zwee Politiker an hir Partei Loft gemaach hat.

Net, well dat ganzt Land déi Sendung, wou dës Wieder gefall sinn, gelauschtert hätt, mee well déi zwee e puer Deeg duerno bei Geriicht eng Plainte agereecht, an dat publikumswirksam mat Foto a Pressecommuniqué matgedeelt hunn.

Politiker, déi hir Plainte bereit hunn

Elo ass d'Zil vun der Plainte wuel an éischter Linn och d'Opmierksamkeet gewiescht, fräi nom Motto "léiwer eng schlecht Reklamm, wéi guer keng". An dach brauch een net wäit sichen ze goen, fir Beispiller ze fannen, wou Politiker Plaintë géint Aussoen, déi si als beleidegend oder verletzend empfonnt hunn, zum Schluss wuel bereit hunn.

Esou hat an Däitschland de rietsextreme Politiker Björn Höcke sech beschwéiert, well hien op enger Manifestatioun Faschist sollt genannt ginn. Am September 2019 huet e Verwaltungsgeriicht da geurteelt, dës Bezeechnung wier zwar "ehrverletzend", mee am politesche Meenungskampf misst een drastesch, taktlos oder onhéiflech Formuléierungen erdroen. Ausserdeem goufen et eng Rei Zitater vum Höcke, déi et géifen erlabe festzehalen, datt dës Bezeechnung net aus der Loft gegraff wier.

Bei eis ass et nach net laang hier, datt e gewësse Fred Keup mat zwou aner Persoune bei Geriicht géint e Lëtzebuerger Museker geklot hat, well deen him an engem Lidd Geschlechtsverkéier gewënscht hat. An zwou Instanzen huet Justiz festgehalen, dëst wier net mat der Absicht geschitt de Plaignant ze beleidegen, mee eng Kritik un de politesche Meenunge vun enger Persoun aus dem ëffentleche Liewen.

Kritik gehéiert zur Meenungsfräiheet

An déi Kritik, och wa se schockéiert oder beonrouegt, gehéiert zur Meenungsfräiheet. Si ass noutwenneg fir de Pluralismus, d'Toleranz an en oppene Geescht ze garantéieren, ouni deen eng demokratesch Gesellschaft net existéiere kann. Dat huet den europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter schonn 1976 geschriwwen an zanterdeem reegelméisseg bekräftegt.

Besonnesch bei Politiker, déi duerch hir ëffentlech Deklaratiounen sech der Kritik stelle missten, wieren d'Grenze vun deem, wat acceptabel ass, méi large wéi bei Privatpersounen. Si mussen acceptéieren, datt hir Wieder an Aktioune méi genau ënner d'Lupp geholl ginn, an och emol méi hefteg a polemesch widdersprach ginn.

Esou konnt en éisträichesche Journalist den FPÖ-Politiker Jörg Haider en Trottel nennen, ouni d'Grenze vun der Meenungsfräiheet ze verletzen. A viru kuerzem huet de Geriichtshaff vu Stroossbuerg Russland verurteelt, well do eng Persoun 15 Deeg Prisong krut, nodeems si bei enger Manifestatioun op e Portrait vum Wladimir Putin gespaut hat. Och dëst wier den Ausdrock vun enger politescher Meenung vis-à-vis vun enger Persoun vum ëffentlechem Interêt.

Als Politiker muss d'Haut méi déck sinn

D'Haut vun den Acteuren aus dem politesche Betrib muss also e bësse méi déck sinn, well déi demokratesch Debatt den Austausch vun Iddien a Kriticke brauch wéi d'Loft zum Ootmen. Wann ee just nach positiv Meenungen iwwer Politiker ëffentlech soen dierf an och net mol méi schaarf oder polemesch argumentéiere kann, da stierft d'Meenungsfräiheet of wéi eng Planz, déi kee Waasser kritt.

Dat heescht awer och, datt déi politesch Acteuren net mat zweeërlee Mooss moossen, wéi wäit een an der politescher Arena goen dierf, éier d'Grenze vun der Meenungsfräiheet iwwerschratt sinn. Bei Kritik vun aneren direkt déi beleidegt Liewerwurscht spillen a Plainte maachen, wärend ee selwer net zéckt d'Grenze vun der erlaabter Provokatioun reegelméisseg auszereizen.

Dat geet net nëmmen op d'Käschte vun der Glafwierdegkeet, mee féiert déi eege Plainten als absurd vir. Wie gären ausdeelt, muss och kënnen astiechen, och a virun allem wann et ëm politesch Meenunge geet.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.