Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Beem sprangen net an d'Strooss"

Fräie Mikro

"D'Beem sprangen net an d'Strooss"

All Joer stierwe vill Leit no enger Kollisioun mat engem Stroossebam oder gi ganz uerg blesséiert. Net all Bam stellt eng Gefor duer, mee ganz vill stinn der ganz geféierlech a vill ze no bei der Strooss. Bei ville kann dowéinst och keng Leitplank gesat ginn. Do ass dann och mol déi eenzeg Léisung, de Bam ewechzehuelen, well schonn e puer Leit eragerannt sinn. Nach geet de Schutz vu Mënscheliewe vir, a mir kënnen déi Situatioun net der Fatalitéit iwwerloossen, mengt d'Isabelle Medinger, fréier Journalistin an zanter iwwer 20 Joer Direktesch vun der Sécurité Routière.

auto_stories

3 min

D'Isabelle Medinger ass fréier Journalistin an zanter iwwer 20 Joer Direktesch vun der Sécurité Routière. Foto: Archiv

"D'Beem sprangen net an d'Strooss", gëtt am Bistro gewiedert. De Moment huet dat sech op den asoziale Comptoire am Netz verlagert, mee d'Ausso ass dowéinst net méi räif ginn.

Wéi déi Beem, déi net a Strooss sprangen, fréier geplanzt goufen, haten se natierlech eng ganz aner Funktioun wéi haut. De Schied deen se deemools sollte spenden ass vun de Klimaanlagen an eise Gefierer iwwerflësseg gemaach ginn. D'Päerd lafen och net méi virun de Kutschen doduerch wéi zu Napoléonszäiten. Wat bleift ass en ästhetesch wäertvollt Landschaftsbild, wat e feste Bestanddeel vun eisem Patrimoine duerstellt an eng guidéierend Funktioun.

Et ass awer leider och en trauregen a konstante Bestanddeel vun eisen déidleche Statistiken. An de leschten zéng Joer sinn 177 Mënschen no enger Kollisioun mat engem Bam gestuerwen. 305 goufen der schwéier blesséiert. Net nëmmen an Alleeën, mee och a Bëscher a géint isoléiert Stroossebeem. Bei sou engem sougenannte fait divers, gëtt dann och gär gewiedert: "dann hätten se net sou solle rennen", an et ass alles datt net nach gesot gëtt, "et ass hinne gutt op der Box". Sou Bemierkungen si leider keng Seelenheet.

Déidlech scho bei niddrege Vitessen

Éischtens sinn dat ganz mënscheveruechtend Aussoen, souguer wann d'Vitesse ze héich war. Et huet kee verdéngt säi Liewen widder engem Bam ze loossen, a wann en nach sou falsch gehandelt huet. Et ass ëmmer engem säi Fils, seng Duechter, säi Papp oder Brudder an déi Hannerbliwwen hunn dat sécher net verdéngt - a scho guer net sech och nach ofwäertend Bemierkunge gefalen ze loossen. Bei enger latenter Verherrlechung vun der Vitesse, ass et net verwonnerlech wa sech Jonker a manner Jonker verféiere loossen op de Gas ze drécken. Et soll awer keng Doudesstrof drop stoen.

Zweetens ass scho bei Vitessë wäit ënner den erlaabten 90 km/h eng Kollisioun mat engem Bam absolut fatal. Jiddereen huet scho mol Crashtester widder eng Mauer gesinn. Déi Tester si genormt a gi mat enger Vitesse Moyenne vu 57 km/h realiséiert. Dat gëtt schonn en terribele Schock. Mee déi Wucht vun engem Opprall widder e Bam ass duerch säi Gabarit em e Villfacht méi staark.

Op ville Plazen hei am Land, ass et mol guer net méiglech eng Leitplank ze installéieren, well tëscht dem Bam an dem Makadamm just e puer Zentimeter sinn.

Heiansdo muss souguer d'Leitlinn e Bou maachen. Natierlech geet et net drëm wallos Beem ëmzehaen, mee d'Sécherheet an de Schutz vum Mënscheliewe muss awer virgoen.

Datt déi Beem fréier geplanzt goufen ass eng Saach. Mee datt laut Naturschutzgesetz all Bam dee laanscht Strooss ewech geholl - an do deet den Ëmweltministère sech extrem schwéier déi Autorisatiounen iwwerhaapt ze ginn- och nees muss duerch e Stroossebam kompenséiert ginn, ass eng aner Saach, déi mir onverständlech ass.

Wat elo als dënne Péilche frësch ugeplanzt gëtt, oft erëm als isoléierte Bam ze no bei der Strooss an ouni duerch eng Leitplank ofgeséchert, ass herno e stattleche Bam, dee rëm e Geforepunkt duerstellt a rëm Mënschen hiert Liewe kascht. Widder engem Bam, deen net an d'Strooss gesprongen ass.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.