Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Basalte (Djedjotronic Remix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ierfschaftssteier: "Dat wäert en Theema ginn"

Besteierung vu grousse Verméigen

Ierfschaftssteier: "Dat wäert en Theema ginn"

De Virstouss vum CSV-President Frank Engel iwwer d'Ierfschaftssteier fënnt de Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP) "interessant". De Frank Engel hätt "de Fanger op e wonne Punkt" geluecht. D'Ierfschaftssteier wäert dem Franz Fayot no an den nächste Méint e wichtegt Theema ginn, och en vue vun den nächste Walen.

auto_stories

2 min

De Franz Fayot ass zanter Februar 2020 Wirtschaftsminister

Et géif zu Lëtzebuerg en ëmmer méi grousse Gruef ginn tëschent deenen, déi ganz vill besëtzen, an deenen, déi schaffe fir iergendeppes ze besëtzen, seet de Wirtschaftsminister. An der LSAP wier et en Theema, wéi ee grouss Verméige méi gerecht besteiere kéint. Et misst awer intern an der Partei diskutéiert ginn, wéi genee d'LSAP sech zur Ierfschaftssteier wéilt positionéieren.

Fage: "Do ass gesënnegt ginn"

De Wirtschaftsminister bedauert iwwerdeems, datt den Dossier Fage elo schonn zanter véier Joer schleeft: "Wann een eppes net wëllt, da muss een dat direkt soen", seet de Franz Fayot.

An der Industriepolitik wier et extrem wichteg den Investisseuren eng Planungssécherheet ze ginn. Do wier am Dossier Fage "gesënnegt" ginn. Hien hätt awer Vertrauen, datt den Dossier elo am Ëmweltministère op eng onparteiesch Aart a Weis géif gekuckt ginn.

Guardian: 200 Plaze sinn a Gefor

Bei Guardian wäerten net all d'Aarbechtsplaze kënnen erhale bleiwen, wat de Franz Fayot bedauere géif. Eng 200 Plaze sinn a Gefor, nodeems de Glas-Produzent decidéiert huet den Uewen am Diddelenger Wierk net ze erneieren.

2023 geet och dem Käerjenger Uewe seng Liewenszäit op en Enn. De Franz Fayot weist sech awer zouversiichtlech, datt op deem Site nach eemol investéiert gëtt. Hien hätt do "Signaler" kritt, déi hien optimistesch stëmmen, datt an d'Produktioun vum héichwäertege Glas investéiert gëtt.

Guardian hätt traditionell eng laang Relatioun mat Lëtzebuerg. "Si hunn och hiren europäeschen Headquarter hei." Et wier also genuch Substanz do fir esou eng Decisioun och ze justifiéieren, mengt de Wirtschaftsminister.

5G-Reseau: Drock vun den Amerikaner

De Franz Fayot hätt weder Drock gemaach, nach der Post Instruktioune gi beim Op- an Ausbau vum 5G-Netz op déi chineesesch Technologie vun Huawei ze verzichten. Déi Befugnis hätt hie guer net.

De Wirtschaftsminister streit awer net of, datt an deem Kontext Drock op hie selwer gemaach gi wier: "Natierlech ass do Drock gemaach ginn. D'Amerikaner maachen Drock op all hir Partner, fir hinnen ze soen, datt si net solle mat de Chineesen zesummeschaffen."

Och déi Europäesch Kommissioun hätt hir Positioun e bësse geännert. Am Januar hätt si eng "Toolbox" publizéiert, wou Sécherheetsvirgaben definéiert goufen, un déi sech all Operateur hale misst, wann e 5G wëllt ausbauen. Dat hätt Decisiounen am Dossier 5G-Netz verspéit.