An der Urgence vun der éischter Covid19-Well hat de Gesondheetsministère de Fonctionnement vum Gesondheetssystem ëmgebaut. Doktere goufen a verschidden Asazlinnen agedeelt. Si hunn hir Akten net eenzel facturéiert, mee kruten e Forfait.
Den administrativen Opwend mam neie Remuneratiounssystem géif e groussen Opwand mat sech bréngen, seet d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. De Minimum, deen d'Dokteren ze gutt hätten, dee schéngt gréisstendeels ausbezuelt ze sinn.
Diskussioune sinn am gaang
Zemools an de Spideeler koumen d'Dokteren op méi wéi 40 Stonnen de Mount, déi nach net bezuelt sinn. Dofir gëtt den Ament driwwer diskutéiert, wéi en am weidere Verlaf vun der Pandemie weiderfiert, wann sech eng zweet méi staark Well developpéiert. D'Paulette Lenert erkläert, datt ee wéilt kucken dat ze vereinfachen an de System nach eng Kéier ze iwwerdenken.
Et wier ee matten an de Preparatioune vun deenen Aarbechten, déi een esou séier wéi méiglech wéilt ofschléissen. "Do musst der eis nach eng Woch ginn", esou d'Gesondheetsministerin. D'Paulette Lenert wollt awer net virgräifen, ob et de System mat de Forfaite géif bäihale ginn. "Mir hunn elo Diskussiounen, déi mer doriwwer féieren." Et misst ee kucken, ob déi Léisung wierklech passend war.