Radioen

On air

Notturno  |  Kit Sebastian - Elegy For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op en Atomugrëff preparéiert

USA vs Nordkorea

Op en Atomugrëff preparéiert

Am Kontext vun der verbaler Eskalatioun tëscht den USA an Nordkorea huet Pjöngjang domat gedreet, d'Insel Guam z'attackéieren. Um US-Territoire am Westpazifik ass eng amerikanesch Militärbasis. D'Awunner solle sech op eng eventuell Attack preparéieren. Eis China-Korrespondentin war op der Plaz, fir sech ee Bild vun der Situatioun ze maachen.

auto_stories

2 min

Ënnert dem bloen Himmel an de Palmen fällt et engem schwéier ze gleewen, datt esou eng schlëmm Menace op dem klenge Wutz amerikanesche Land am westpazifeschen Ozean läit. D'Insel Guam zielt ronn 160.000 Awunner.

Um Fluchhafe vun der Insel Guam kommen nach ëmmer Touristen a grousse Gruppen un. Ënnert hinne si virun allem südkoreanesch a japanesch Famillen a jonk Koppelen. Fir de Chris, dee sech ëm d'Gestioun vun den Taxien um Fluchhafe këmmert, ass et een Dag, wéi all aneren. "Ech géif net soen, datt d'nordkoreanesch Menacen iergendeen Effekt hunn. Déi Menacë kommen zimlech regelméisseg, virun allem während dem leschte Mount."

China bleift neutral

Ënnert der lokaler Populatioun sinn d'Meenunge gedeelt: Déi eng sinn un d'Menacë gewinnt, déi aner maache sech trotzdem Suergen. Déi international Communautéit huet un den US-President Donald Trump an den nordkoreanesche Leader Kim Jong-un appelléiert, fir mat der Pressioun an de verbale Kämpf opzehalen.

China sengersäits huet viru Kuerzem confirméiert, datt et neutral bleiwe géif, wann Nordkorea Amerika géif ugräifen. An engem Telefonsgespréich mam Donald Trump huet de chinesesche President Xi Jinping den amerikanesche President dozou opgefuerdert, sech zréckzehale mat Wierder an Doten, déi zu enger Eskalatioun kënne bäidroen.

Déi zwee Leaderen hunn affirméiert, datt si wëllen eng friddlech Léisung fannen - fir een ale Konflikt, dee scho bal 30 Joer laang unhält. Deemools hu Satellittefotoen d'Präsenz vun engem Site fir d'Entwécklung vun Atomwaffen an Nordkorea reveléiert.

Fridden - soulaang d'Sireene roueg sinn

D'Insel Guam gëtt zënter 2013 regelméisseg menacéiert, well et sech ëm den noosten amerikaneschen Territoire handelt, deen d'Nordkoreaner erreeche kënnen. Trotz allem schéngt d'Menace dës Kéier méi eescht ze sinn.

Hannert enger entspaanter Ambiance sinn d'Leit op dat Schlëmmst gefaasst a suivéieren d'Consignë vun der amerikanescher Regierung, fir ënnert anerem Waasserreserven an Iesse fir eng Woch op Stock ze hunn.

Am Fall vun enger Attack wieren d'Sireenen ze héieren. Bis ewell bleiwen dës awer nach roueg. Wann den Donald Trump an de Kim Jong-un et dann d'selwecht maachen, kann déi kleng Insel Guam vläicht nees eng Kéier hire Fridden an hir Rou fannen.