Iwwerdeems goufe wärend der Pandemie eng Rei Mesurë vun der Stad Lëtzebuerg an dem Stater Geschäftsverband ageféiert: an den Akafsstroosse si keng Iessstänn erlaabt a Visiteure wéi och d'Mataarbechter vun de Geschäfter musse sech un eng Maskeflicht halen.
![]()
D'Stëmmung war gemëscht: am Verglach mam leschte Joer wiere vill manner Leit present, bedauert eng Commerçantin. Et géif awer un Atmosphär feelen. Aner Commerçante mengen, datt et den Ëmstänn entspriechend awer eng gelonge Braderie wier.