Vun de siwe Pays cibles kéint den Nicaragua ewechfalen. Hannergrond ass déi politesch Instabilitéit am mëttelamerikanesche Land. Dat huet d'Kooperatiounsministesch Paulette Lenert gëschter der Chamberkommissioun Aussepolitik a Kooperatioun gesot. Fir sech selwer fuerdert de Cercle de Coopération nei Raimlechkeete fir eng Maison de la Coopération.
Déi nei Kooperatiounsministesch Paulette Lenert kéint eng nei Dynamik an déi Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik bréngen, seet den Armand Drews, President vun der Federatioun vun de Kooperatiouns-ONGen. D'Federatioun soll deemnächst eng éischt Entrevue mat der neier Ministesch hunn.
"Mir sinn elo eng Struktur ouni Hierarchie"
Zanter engem Joer huet de Cercle keen Direkter méi. De Christopher Lilyblad hat säi Kontrakt no der Proufzäit net verlängert kritt. Et géif een elo mat enger Struktur ouni Hierarchie funktionéieren, seet den Armand Drews. "Dat decidéiert een net vun haut op muer, dat war e laange Prozess. De Prozess ass och nach net eriwwer. Dat bedeit, datt d'Leit aus dem Verwaltungsrot och méi Verantwortung mussen iwwerhuelen."
Dat géif awer net bedeiten, datt de Verwaltungsrot an d'Dagesgeschäft géif agräifen. Hien hätt eng Uspriechpersoun am Kooperatiounsministère, déi dat haaptamtlech géif maachen, an "déi mécht dat natierlech selwer. Déi mécht dat da mat mir zesummen."
"Da geet et ëm de Kuch"
De Cercle vun de Kooperatiouns-ONGen huet ronn 80 Memberen, Grousser a méi Klenger, déi all fir hir Projeten op Co-Finanzementer vum Staat ugewise sinn. Wa grouss international ONGen op Lëtzebuerg kommen, kéint et enk ginn, mengt den Armand Drews.
"Da geet et ëm de Kuch. Da musse mir dat behalen, wat mir hei zu Lëtzebuerg an der Kooperatioun hunn, déi Solidaritéit tëschent grousse, mëttleren a klengen Acteuren", sou den Armand Drews.
2008 war d'ONG Care op Lëtzebuerg komm. De Cercle de Coopération hat deemools eng Memberschaft refuséiert. Wa Care nach emol eng Demande géif maachen, da géife se wahrscheinlech ugeholl ginn, seet nach den Armand Drews.