Radioen

On air

Notturno  |  Tvesla - Lonesome Rider

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Carole Dieschbourg huet e méi grousse Feeler gemaach"

Affär Traversini

"D'Carole Dieschbourg huet e méi grousse Feeler gemaach"

No den Erklärunge vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an der Affär Gaardenhaischen kënnt weider Kritik vum Affekot Georges Krieger. Hie bleift hien der Meenung, datt d'Ministesch d'Aarbechten um Haischen vum fréieren Déifferdenger Buergermeeschter hätt misste beim Parquet denoncéieren, well se net legal gewiescht wieren.

auto_stories

3 min

De Fierschter, deen eng Expertise sur place gemaach huet, hätt misste gesinn, datt d'Haischen an enger Zone verte läit an datt net hätt dierfen dru geschafft ginn. D'Carole Dieschbourg géif sech et elo einfach maachen, andeems si seet, et misst een d'Decisioun vun der Justiz ofwaarden - hei géif nämlech ee politesche Problem virleien.

"Carole Dieschbourg huet Roberto Traversini gedeckt"

D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg wier iwwer den Dossier ëm d'Gaardenhaische vum Roberto Traversini am Bild gewiescht: "D'Madame Dieschbourg ass dat dote gewuer ginn an huet dat dote gedeckt." Déi gréng Ministesch hätt domat méi ee schlëmme Feeler gemaach, wéi dee selwer:

"Den Här Traversini huet do Indelikatesse gemaach, déi si grav. Hien huet du politesche Konsequenze gezunn - ech sinn der Meenung um Niveau national misst hien och politesch Konsequenzen zéien."

Et géif net goen, datt hien als Buergermeeschter zerécktrëtt, mee weiderhin Deputéierte bleift. "Dat ass e bëssen e staarkt Stéck", seet de Me Georges Krieger. Déi Decisioun hätt awer näischt mat him ze dinn, se géif hie just als Bierger schockéieren.

D'Affär geet méi wäit

An der Affär Dieschbourg-Traversini géif et net just ëm e Gaardenhaische goen:

"E Gaardenhaischen - ob Dir mir et gleeft oder net - dat ass en Haischen, dat steet an engem Gaart. Mir hunn hei net en "Abri" mee tatsächlech eng "Construction de loisir". An déi steet an engem Bësch, an enger Zone verte, an enger Zon Natura 2000 an en plus och nach an enger Zone de protection."

De Maître Georges Krieger, deen op den Immobiliësecteur spezialiséiert ass, vertrëtt als Affekot eng Persoun, déi zu Déifferdeng een Terrain nieft dem Roberto Traversini besëtzt, an déi do awer eng Baugeneemegung refuséiert krut an deen d'Autorisatioun vun der Ëmweltministesch am August virum Verwaltungsgeriicht ugefecht huet.

Recours kéint hifälleg ginn

Wann dem Roberto Traversini säi Gaardenhaus mat Geneemegung vum Ëmweltministère ofgerappt gëtt, ass domat de Recours géint déi nodréiglech ausgestallten Autorisatioun vun den Aarbechten hifälleg. Dat seet den Affekot Georges Krieger, deen de Recours géint d'Decisioun vun der grénger Ministerin Carole Dieschbourg fir ee vu senge Clienten agereecht huet.

Wann dat geschitt, géif de Recours vum Me Georges Krieger um Verwaltungsgeriicht verschwannen, well et keen Intérêt d'agir géif ginn, fir d'Affär weiderzefeieren. Allerdéngs géif dann och net viru Geriicht gekläert ginn, ob der Carole Dieschbourg hir Autorisatioun legal oder illegal war.

D'Carole Dieschbourg hat gëschter op enger Pressekonferenz selwer op dëse Recours higewisen. Si sot, et wier un de Verwaltungsriichter fir ze klären, ob d'Interpretatioun vun de Gesetzer vun hire Beamten - d'Basis vun hirer Autorisatioun - richteg wier oder net.


Explikatioune vum Michèle Sinner

Lauschterenplay_arrow


Fir säi Client hat den Georges Krieger och e Recours géint den éischte Vott vum neien Déifferdenger PAG gemaach an deem d'Parzell, op deem dem Roberto Traversini säi Bungalow steet an de Bauperimeter sollt opgeholl ginn. Wéinst dem Recours hat de Roberto Traversini am Gemengerot den 18. September gesot, den 9. Oktober géif de Vott annuléiert a frësch geholl ginn.

De Me Goerges Krieger seet, hie wier awer net den Auteur vum juristeschen Avis, deen d'CSV ausschaffe gelooss huet. Hien hätt och keng politesch Motivatioun a wier och net Member vun der CSV.