Radioen

On air

De Moien  |  Tilly Metz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Chamber kann hir Kontrollfunktioun net méi erfëllen"

Fernand Kartheiser

"D'Chamber kann hir Kontrollfunktioun net méi erfëllen"

D'ADR kritiséiert d'Manéier, wéi déi nei Covid-Restriktiounen ënner groussem Zäitdrock duerch d'Instanze gehetzt goufen. Hiren Deputéierte Fernand Kartheiser beklot sech driwwer, datt d'Chamber hir vun der Verfassung virgeschriwwe Kontrollfunktioun net hätt kënnen erfëllen. Kéint d'ADR, am Fall wou d'Pandemie weider ausser Kontroll gerode sollt, eventuell mat engem zweeten Etat de crise liewen? Dat géif si vun zwou Konditiounen ofhängeg maachen, esou de Fernand Kartheiser.

auto_stories

3 min

Déi éischt Konditioun wier d'Feststellung, datt den Etat de crise absolut onvermeidlech wier. "Dann ass et fir zéng Deeg plus ee Mount an net méi fir dräi Méint. Dat ass emol ganz kloer."

"Wann d'Regierung wëllt nach eng Kéier en Etat de crise ausruffen, dann hätte mir gär, datt déi Proposition de loi vun der ADR fir eng Révision constitutionnelle ze maachen, datt d'Cour constitutionnelle direkt ka kontrolléieren, ob déi Moossname proportionell sinn, gläichzäiteg matgestëmmt gëtt. Ouni Contrôle juridictionnel duerch d'Cour constitutionnelle gëtt et fir eis keen Etat de crise méi, dee mir géife matstëmmen."

D'ADR wäert déi nei Covid-Mesuren de Mëtteg an der Chamber deemno och net matstëmmen, confirméiert den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. D'ADR gesäit an deene geplangte Restriktiounen e staatlechen Agrëff an déi perséinlech Fräiheete vun de Bierger, deen iwwerdriwwen an net gerechtfertegt wier.

Déi geplangte Fräiheetsbeschneidunge si fir d'ADR net justifizéiert

"Mir wëssen net op d'Regierung déi Kéier ze spéit reagéiert huet", seet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. D'Chamber hätt an dëser Pandemie net all déi Informatiounen, déi d'Regierung hätt. D'Regierung wier net transparent. "De Staat muss informéieren a protegéieren, soll awer keng Absurditéiten an Illegalitéiten decidéieren", esou de Fernand Kartheiser. Et misst een d'Eegeverantwortung vum Eenzelen fërderen, d'ADR ass géint d'Ausgangsspär an och géint d'Limitatioun vun de Leit, déi ee bei sech heem däerf invitéieren.

"D'Verfassung schreift eis vir d'Privatliewe vun de Leit ze respektéieren. An och do kann ee sech Froe stellen, wann de Staat elo seet: 'Dir däerft héchstens nach esou vill Leit empfänken oder esou.' Och do kann ee sech froen, mat wéi engem Recht? Well d'ADR seet, d'Eegeverantwortung muss gëllen, d'Fräiheet muss gëllen. D'Inviolabilitéit vum Domicile muss gëllen. D'Protektioun vun der Vie privée muss gëllen. Firwat geet de Staat hin a seet, "dir kënnt der véier empfänken awer net fënnef an net sechs. Mat wéi engem Recht? Also et muss een alleguer déi Saachen ëmmer hannerfroen, well mir däerfen eis ni dru gewinnen, datt de Staat higeet, eng Regierung higeet an eis lues a lues, duerch ëmmer nei Moossnamen, duerch eng Repetitioun vun esou Aschränkungen dono dru gewinnt, datt eis Fräiheeten net méi an deem Mooss do sinn, wéi se virdrun do waren."

Et däerft ee sech net un déi geplangte Beschneidunge vu Fräiheet gewinnen, esou de Fernand Kartheiser. Déi geplangten Ausgangsspär, déi haut a Kraaft triede soll, hält d'ADR fir disproportionéiert. Wann de Staat an déi essentiell Fräiheete vun de Bierger wéilt agräifen, da wier de Staat an der Flicht fir ze weisen, datt et absolutt onverzichtbar ass, proportionéiert, zäitlech limitéiert.