Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Bleu Nuit - Oblivion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Consommatioun vum Sprit drosselen

Budget 2019

D'Consommatioun vum Sprit drosselen

D'Regierung leet sech nach net fest, ob déi nächst Jore weider Erhéijunge vun den Accisen um Sprit néideg sinn. Um Enn vum Joer géif e Bilan gemaach ginn. Ob eng Hausse néideg ass, wier net virauszegesinn.

auto_stories

1 min

De Finanzminister Pierre Gramegna fënnt d'Hausse vum Mindestloun "ganz berechtegt".

Déi annoncéiert Hausse vun 1 Cent um Liter Bensin an 2 Cent um Liter Diesel géif den éischte Mee a Kraaft trieden, esou de Finanzminister. "Wa mir domat d'Consommatioun net gedrosselt kréien, musse mir weider Schrëtt ënnerhuelen", esou de Pierre Gramegna. Wann de Verkaf vu Sprit zeréckgeet, wier et gutt. D'Regierung wéilt evitéieren, datt Lëtzebuerg wéinst dem héije Verkaf vu Sprit seng Engagementer an der Klimapolitik net respektéiert.

De liberale Minister huet och d'Hausse vum Mindestloun verdeedegt. Datt d'Mindestlounbezéier 100 Euro netto méi kréien, wier "ganz berechtegt". Déi blo-gréng-rout Regierung hätt dat missen decidéieren, well den Ecart tëscht Aarm a Räich liicht méi grouss géif ginn, esou de Pierre Gramegna.

De Finanzminister Pierre Gramegna huet de Budget 2019 an der Chamber presentéiert. Wéinst neien Ausgabe kéint de Staatsbudget vun dësem Joer mat engem Defizit vu 650 Milliounen Euro ofschléissen. D'Hausse vum Mindestloun soll de Staat ronn 60 Milliounen Euro kaschten.