Wéi stinn d'Kultur, de Sport an d'Gastronomie zu den aktuelle Corona-Mesuren?
Den Direkter vun der Philharmonie Stefan Gehmacher ka mat den aktuellen Oplage liewen, offiziell gouf hien nach net iwwer weider Ouverturen informéiert.
Mat him wier scho mol d'Gespréich gesicht ginn, wann ee Mesurë wollt aféieren an och fir eng Aschätzung iwwer d'Praktikabilitéit vu verschiddene Mesuren ze kréien.
D'FLF wënscht sech manner Opwand beim Testen
Vill Oplage muss jo och de Sport, an do ënner anerem de Fussball, iwwer sech ergoe loossen. Generell gëllt jee no Alterskategorie den 3G respektiv den 2G plus. Dat ass besonnesch organisatoresch en Challenge, sou de Joël Wolff vun der FLF.
D'Fussballveräiner géife sech wënschen, datt den Opwand ronderëm d'Teste géif ofhuelen.
D'Horesca erhofft sech eenheetlech Reegelen an d'Ewechfale vun der Spärstonn
Gewinnt kritesch Téin sinn et aus dem Horesca Secteur, wou de Generalsekretär François Koepp virun allem en Ewechfale vun der Spärstonn a méi eenheetlech Reegele fuerdert.
Hie géif sech och wënschen, datt déi "katastrophal Kommunikatioun" vun der Santé géif ophalen, sou de François Koepp.
Bleift also ofzewaarden wéi wäit d'Regierung dës Woch op de Wee vun aneren europäesche Staate geet an d'Reegele weider op mécht.