Radioen

On air

Notturno  |  Beirut - Hadsel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Corona: "Gewalteg finanziell Perte" fir d'Luxair

Aviatioun

Corona: "Gewalteg finanziell Perte" fir d'Luxair

Luxair-Tours mécht muer Samschdeg hir lescht regulär Flich. De leschte reguläre Ligne-Vol ass e Sonndeg den Owend, esou de Luxair-Generaldirekter Adrien Ney de Mëtteg am 100,7-Interview. Regulär Luxair-Flich wäerten et awer no dësem Weekend fir op d'mannst e puer Woche keng méi ginn.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


Den aktuelle Pläng no wäert Luxair-Tours den 20. Abrëll erëm fléien an d'Airline den 1. Mee. Dat wieren awer "theoretesch Datumer", sou de Generaldirekter Adrien Ney. Et wéisst een net, wéini d'Corona-Kris am Grëff wier.

"Menger perséinlecher Meenung no wäerte mer eréischt am Juni erëm ufänke mat fléien."

Fir d'nächst Woch sinn nach eege Luxair-Rappatriements-Flich aus Portugal geplangt. Wann eng Ufro vun der Regierung kéim, wier d'Luxair och fir Spezialflich bereet, fir Leit zeréck an d'Land ze bréngen.

Beim Cargo-Handling vun der Luxair géif et eng positiv Entwécklung ginn, esou den Adrien Ney zu den Aktivitéiten am Cargo-Zenter um Findel. Et hätt sech alles op de Cargo-Beräich konzentréiert "an do leie mer tëschent fënnef an aacht Prozent iwwer dem Joer vu virdrun. Dat ass déi eenzeg gutt Noriicht", sou den Adrien Ney.

Den Adrien Ney schléisst net aus, datt Luxair staatlech Hëllef muss ufroen

Generell géif d'Corona-Kris "gewalteg finanziell Pertë" fir de Grupp bedeiten, mee d'Luxair hätt Reserve fir d'Corona-Kris duerchzestoen. De Moment géif et bei der Luxair kee Besoin fir eng Staatshëllef ginn. Jee no Entwécklung vun der Kris schléisst de Generaldirekter dat awer fir d'Zukunft net aus.

"Wann déi Kris natierlech elo e Joer dauert, da géif ech eng Demande net ausschléissen. Mee ech menge mir ginn all dovun aus - och wa mir vläicht e wéineg méi pessimistesch sinn - dass déi Krise an zwee-dräi Méint misst eriwwer sinn."

D'Luxair huet fir de Mäerz an Abrëll Kuerzaarbecht fir Deeler vum Personal ugefrot, esou den Adrien Ney.


Den Adrien Ney iwwer d'Kuerzaarbechtplay_arrow


De François Bausch hat de Moien am 100,7-Interview Bereetschaft signaliséiert, datt de Staat der nationaler Airline Luxair géif hëllefe, fir datt se bestoe bleift. Wann néideg géif de Staat seng Responsabilitéit iwwerhuelen, esou de Minister.