Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lumi - Cold Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'CSV huet keng eegen Iddien

Chamberwahlen 2018

D'CSV huet keng eegen Iddien

D'CSV wéilt eng ganz Rei Saache vun der aktueller Regierung erëm réckgängeg maachen, esou den LSAP-Spëtzekandidat a Wirtschaftsminister Etienne Schneider. D'CSV hätt keng eegen nei Iddien a géif op Projete vun der Regierung zréckgräifen, wéi den Ausbau vun der Kreeslafwirtschaft.

auto_stories

2 min

Den LSAP-Spëtzekandidat Etienne Schneider.

Déi aktuell Koalitioun hätt d'Land entstëbst, an eng gesond Ekonomie mat héijem Wuesstem an nidderegem Chômage geschaaft. Firwat datt d'LSAP an de Sondagen net besser ofschneit, dorobber wousst den Etienne Schneider net ze äntweren.

Et wier schwéier ze vermëttelen, wat alles geschitt wär. Och an der Wuesstemsdebatt géif et eng Rei vu Leit ginn, déi fir manner Wuesstem plaidéieren. Si géifen awer net präziséieren, wéi dat soll geschéien. "Ech soen Iech, mir wieren dat éischt Land op der Welt - domadder kéime mir op d'mannst an d'Guinessbuch - dat probéiert selwer méi aarm ze ginn", esou den LSAP-Spëtzekandidat.

Knauff a Fage missten Normen erfëllen

Zur Wuesstemsdebatt an dem Waasserverbrauch vun den ëmstriddene Projete vun der geplangter Jughurtsfabrick bei Beetebuerg an der Steewollfabrick bei Suessem, sot den Etienne Schneider, datt d'Fabricken zwar vill Waasser géife verbrauchen, mee et misst een dat awer an de Kontext bréngen. Eng Industrie géif nu mol méi wéi e private Stot brauchen, deen e puer Liter den Dag géif brauchen.

Méi wéi 90 Prozent vun der Lëtzebuerger Ekonomie wieren Déngschtleeschtungsservicer, déi kee Waasser bräichten, seet den Etienne Schneider. Den LSAP-Spëtzekandidat mengt, et hätt ee gären, datt et net just Banken an Affekotebüroen zu Lëtzebuerg gëtt, mee et hätt ee gären eng Industrie am Land. Jorelaang wier dofir gestridde ginn, fir méi Industrie an d'Land ze kréien. Dat wieren alles keng Drecksschleideren, mee géifen d'Normen erfëllen, wa se wéilten heihi kommen. Wann d'Steewollfabrick vu Knauff an d'Joghurtsfabrick vu Fage dës ganz héich Normen net erfëllen, da géife se och keng Autorisatioun kréien.