Neijooschpatt D'CSV wëllt de Wiessel

D'CSV huet sech op hirer Neijooschtreception kämpferesch gewisen. Déi aktuell Koalitioun wier um Enn an dofir stéing ee prett fir de Wiessel. Konkret Kritik gouf et virun allem un der Gesondheets- der Steier- an der Logementspolitik. Ukënnegunge iwwer Spëtzekandidaturen oder soss Personalfroen gouf et allerdéngs keng.

Jacques Ganser / cz

CSV Neijooschpatt
Foto: CSV

Lauschteren


Eigentlech hätt déi aktuell Koalitioun nach vill ze schaffen, mee si géif dat net méi fäerdeg bréngen, sou de Claude Wiseler a senger Ried.

"Dofir ass et ganz kloer an däitlech: Et ass Zäit fir e Wiessel, a mir si prett fir dee Wiessel."

Besonnesch an der Kritik stoungen d'Logements, d'Gesondheets an d'Landwirtschaftspolitik. Et bräicht ee keng juristesch Experimenter mam Legaliséiere vu Marihuana, gefrot wier genuch Personal am Spidolssecteur. Et wier donieft verpasst gi mat enger Steierreform d'Leit z'entlaaschten, sou wéi d'CSV dat virgeschloen hätt, sou de Gilles Roth.

Et wier fir d'CSV net nozevollzéien, datt et aktuell zu Lëtzebuerg den héchsten Aarmutsrisiko géif ginn, ee Véierel vun de Leit géif aktuell ënner dem Aarmutsrisiko liewen a 40 Pro"zent vun den Elengerzéiher géifen och ënnert der Aarmutsgrenz liewen. "A wat mécht d'Regierung? Eigentlech näischt."

Kritik u Koalitiouns-interne Streidereien

Eng Virlag hunn d'Koalitiounsparteie mat hiren interne Kriticke geliwwer, viséiert war hei den LSAP Deputéierten Dan Kersch.

"Wann een néng Joer an der Regierung war, dervunner eng ganz Rei Jore Vize-Premier, an da wiesselt een an d'Chamber fir lauthals dat ze froe wat ee säit néng Joer net gemaach huet, da muss ech soen ass dat awer eng besonnesch Attitüd an dëser Regierung."

D'CSV wëllt de Buergermeeschterposten an der Stat an de politesche Wiessel um nationale Plang. D'Partei wier allefalls prett Responsabilitéit z'iwwerhuelen, et wier ee gutt verankert a breet opgestallt, wéi et sech fir eng Vollekspartei géif gehéieren.

Méi zum Thema

Tommy Klein
Chamberwalen 2023

Lëtzebuerg wäert och no den nächste Walen nees vun enger Dräierkoalitioun regéiert ginn, dat steet fir den Tommy Klein vun der ILRES fest. Oppe wier just d'Fro, wéi eng dräi Parteien dat kéinte sinn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen