Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Demokratie huet e Coup kritt"

EU-Top-Jobs

"D'Demokratie huet e Coup kritt"

D'Viviane Reding huet sech wéineg zu Wuert gemellt, zanter si virun zéng Méint hire Retour an déi national Politik gemaach huet. An nach manner zanter den Europawahlen, déi jo fir hir Partei mat engem Debakel op en Enn gaange sinn. Den Interview mat hir, war laang ugefrot éier en zustane koum. Mee wéinst der (europäescher) Aktualitéit aus de leschten Deeg, ass en extra gutt gefall.

auto_stories

1 min

Net onbedéngt d'Nominatiounen u sech, mee d'Aart a Weis wéi se geholl gi sinn. D'Haaptschold gëtt d'Viviane Reding dem franséische President Macron. Dee géif grouss europäesch Rieden halen a just de Contraire maachen. D'Wieler wieren op jiddwer Fall ugeschmiert ginn.

"Vertrauen an d'EU beschiedegt"

"''t ass e bëssen Uschass, (...) A wat mech besonnesch schockéiert huet ass, datt eise Premier - dee jo d'Sproochrouer vum Här Macron ass - datt deen dann dat selwecht behaapt huet."

Dee Moment an deem de Macron de Spëtzekandidatesystem a Fro gestallt huet, hätt och de Xavier Bettel dee System a Fro gestallt. Duerch dat Verhale géif een d'Vertrauen, wat d'Leit an d'EU hu beschiedegen, sou d'Viviane Reding.

D'Viviane Reding wier gär mat an d'Europawahle gaangen

D'Viviane Reding geet awer dovun aus, datt d'Ursula von der Leyen a 14 Deeg vum Europaparlament confirméiert gëtt. Si mécht och keen Heel draus, datt si gär mat an d'Europawahle gaangen wier. Dat wier aus Siicht vun der CSV och "vernënfteg" gewiescht.

"Meng Partei war der Meenung, datt ee kee géif mat op d'Lëscht huelen, deen an der Chamber setzt. Dont acte. An d'Resultat hu Der jo gesinn."

De Parteipresident Fränk Engel hätt sech, mat der Decisioun just op nei Gesiichter ze setzen, verpokert.