Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Dokteren erëm un den Dësch kréien

Nomenclature

D'Dokteren erëm un den Dësch kréien

Fir d'Dokteren hei am Land ass d'Nomenclature eigentlech existenziell wichteg. An dëser Lëscht gëtt definéiert, wat si fir wéi eng Interventioun kënne facturéieren. Trotzdem ass d'Associatioun vun de Dokteren an Zänndokteren AMMD - wéinst verschiddene Kritiken - zanter geschwënn engem Joer net méi Member an där Kommissioun derbäi, déi eng nei, méi zäitgeméiss Nomenclature soll ausschaffen. De Minister vun der sozialer Sécherheet Romain Schneider wëllt dat änneren an hofft iwwer eng nei gegrënnte Plattform erëm all d'Acteuren un een Dësch ze kréien.

auto_stories

1 min

Fir d'Dokteren hei am Land ass déi sougenannten Nomenclature existenziell wichteg. An dëser Lëscht gëtt definéiert, wat si fir wéi eng Interventioun kënne facturéieren. Trotzdem huet d'Associatioun vun de Dokteren an Zänndokteren AMMD wéinst enger Rei Kritiken decidéiert, net méi Member an där Kommissioun ze sinn, déi eng méi zäitgeméiss Nomenclature sollt ausschaffen.

De Minister vun der sozialer Sécherheet Romain Schneider wëllt dat änneren an iwwer eng nei gegrënnte Plattform erëm all d'Acteuren un een Dësch kréien - och d'Dokteren. Am 100,7-Interview seet hien, et wier "wichteg, den Dialog erëm opzegräifen".

D'Ausschaffe vun enger neier Nomenclature wier néideg, well déi aktuell Lëscht zum gréissten Deel "vereelzt" wier, sou de Romain Schneider. Eng Feststellung, déi och d'AMMD ëmmer erëm gemaach huet. De Minister vun der sozialer Sécherheet huet och Wëlles an Zukunft méi reegelméisseg Adaptatioune vun der Nomenclature ze maachen. Dat wier an der Vergaangenheet net ëmmer geschitt. "Do ginn ech hinne Recht", seet de Romain Schneider, "d'Entwécklung an Technologie geet ëmmer weider, do musse mir eis upassen".

Wéini déi geplangte Plattform ronderëm d'Nomenclaturekommissioun - och mat der AMMD - eng éischte Kéier soll zesummekommen, ass nach net kloer. De Minister wëllt dës Woch d'Invitatiounen erausschécken.