Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'E-Sektioun tëscht Eegestännegkeet a Reform

Secondaire

D'E-Sektioun tëscht Eegestännegkeet a Reform

An engem Kontext, an deem d'Educatioun artistique am Secondaire nach ëmmer net ganz eescht geholl gëtt, stellt sech och ëmmer nees d'Fro no den Debouchéë vun engem Konschtstudium am Lycée. Wat ass den Etat des lieux?

auto_stories

2 min

An der Education artistique wieren iwwer déi leschte Joren ëmmer erëm Stonne gekierzt ginn, bedauert den André Michaux, Konschtenseignant am LGL a Member vun der Programmkommissioun vun der Education artistique. De Marc Barthelemy, Professeur-attaché am Schoulministère gesäit dat allerdéngs anescht. Fir hien ass zum Beispill grad d'E-Sektioun e Géigebeispill vun esou Kierzungen: Hei wiere Stonne bäigesat ginn. Hie bedauert awer, datt d'Educatioun artistique nach ëmmer e schwéiere Stand huet. Wat kéint een änneren?

De Marc Barthelemy no ginn et besonnesch bei der Diskussioun iwwert d'Debouchéë vun der E-Sektioun nach vill Clichéen an de Käpp. D'Bild vum aarmen, hongerleidende Kënschtler wier net d'Iddi vun der E-Sektioun. "Et gi ganz vill Beruffsméiglechkeeten. Et gëtt eng ganz breet Gamme, an doriwwer misst ee villäicht och méi schwätzen."

Den André Michaux betount iwwerdeems, an de Programmer vun der E-Sektioun misst och de Grand-Duché behandelt ginn. Méi spezifesch: D'Thematik vum Lëtzebuerger Patrimoine an der Lëtzebuerger Konscht. Dat wier bis ewell ze kuerz komm. Den Enseignant am LGL huet dobäi preziséiert, datt et zwar nach ëmmer kee "Manuel d'Histoire de l'art luxembourgeois" géif ginn. Et kéint een awer och de Wee vun enger Homepage zu deem Thema goen.

Iwwert den Horizont eraus

Op dem Minister Claude Meisch seng Ausso vun engem "Assouplissement des sections" hin erkläert de Marc Barthelemy vum MEN, datt déi eenzel Schoulen kéinten en eegene Profil vun enger Sektioun entwéckelen. Dat heescht, si kéinten de Stonneplang an d'Programmer selwer änneren. Mä wéi kann ee sech den Enseignement op de verschiddene Sectiounen den Ament virstellen?

Ee wichtege Schwéierpunkt ass dem André Michaux no eng Evaluatioun continue am Kader vun engem Schülerprojet. Dat wier immens wichteg a misst bäibehale ginn. "Mir léieren d'Schüler e 'Projektdenken'." D'Schüler kréichen e Sujet presentéiert vun deem si missten ausgoen, fir eng eegestänneg Etude ze maachen oder e Projet ze realiséieren. Dat misste si da verdeedegen. "Dat gëtt hinnen eng Ouverture d'Esprit, déi et hinnen och erméiglecht, fir wäit iwwert hiren Horizont erauszekucken", betount den Enseignant.

No der Reform wäerten zwou Konschtsektiounen zu Lëtzebuerg sech méi op eneen zoubeweegen: De Marc Barthelemy huet dobäi eng méiglech Konkurrenz tëscht der sougenannter "division artistique" vum Régime technique an der E-section aus dem Classique net ausgeschloss.