Virun allem Schüler am Fondamental si Kanner, déi eruwuessen a bei hinne wier et wichteg, datt hir sozial Kompetenzen gestäerkt ginn, seet den Alain Massen. "A wann déi de ganzen Dag mat enger Mask missten do setzen, dann ass dat gestéiert." Den Alain Massen fuerdert awer, datt de Ministère och e "Plang B" ausgeschafft.
Wann een nach eng Kéier an eng Situatioun géif kommen "wou nees alles misst méi agespaart ginn", misste Pläng stoen, fir déi Schüler, déi zäitweis doheem sinn. Et géif net duergoen deene Kanner just Aufgaben ze schécken, oder si opzefuerderen, fir sech selwer um Internet virunzebilden. Et misst och e Pool vun Enseignanten disponibel sinn "dee vläicht grad déi Schüler doheem kontaktéiert, déi bei deem Ganze benodeelegt ginn, fir datt mat deenen eng eent zu eent Aarbecht ka stattfannen".
Den Alain Massen ass och frou, datt d'Kanner kee Féiwer an der Schoul solle gemooss kréien, well dat zu enger Veronsécherung vun de Schüler kéint féieren.
De President vun der Elterevertriedung betount och, den Dialog mam Educatiounsminister hätt iwwer de Summer gutt funktionéiert. De Claude Meisch hätt méi mat den Elterevertrieder geschwat, an hir Iddien och zu engem groussen Deel berücksichtegt.