Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Swamp Dogg - Count The Days Feat. Jenny Lewis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Enn vum Schulz-Effekt

Landtagswahl NRW

D'Enn vum Schulz-Effekt

Bei de Landtagswahlen an Nordrhein-Westfalen huet d'SPD bal aacht Prozent verluer. Och an den nationale Sondagë fält d'SPD. An de Méint nodeems de Martin Schulz als Kanzlerkandidat fir d'Bundestagswahl confirméiert gi war, war dat nach anescht. Wouru läit déi 180-Grad-Dréiung an der Bevëlkerung?

auto_stories

3 min

Matthias Kirsch

Et huet sech an de leschte Wochen ugedeit: De Schulz-Effekt léisst no. No der Landtagswahl am Heemechtsland vum SPD-Kanzlerkandidat Martin Schulz muss ee soen: De Schulz-Effekt ass fort.

Datt d'SPD net hiert Wahlresultat vu bal 40 Prozent vun 2012 kéint widderhuelen, hat sech an de leschte Wochen an Deeg manifestéiert. Mee e Minus vu bal néng Prozent? Fir d'Sozialdemokrate gesäit et pechschwaarz aus fir d'Bundestagswahlen am September.

D'Schulz-Mania

Wéi Ufank vum Joer de Sigmar Gabriel als Parteichef zréckgetrueden war a vum Martin Schulz ersat gouf, war d'Euphorie an der SPD-Basis grouss. An dat ass nach ënnerdriwwen. Mat 100 Prozent gouf hie gewielt, an dunn och zum Kanzlerkandidat benannt. Dat beschte Resultat vun engem SPD-Mann an der Nokrichszäit.

D'Schulz-Mania ass an de Wochen duerno duerch d'Bundesrepublik geschwappt. D'SPD huet ëffentlech fir eng roud-roud-gréng Koalitioun op nationalem Niveau Reklamm gemaach. D'Enn vun der Grousser Koalitioun huet sécher geschéngt.

Wat ass geschitt? Wéi huet d’Stëmmung esou gedréit? Am Sport gëtt gär gesot, engem Athlet oder enger Ekipp geet d'Loft aus, wa se um Schluss vun der Saison noléisst. Just: Um Schluss vun der Saison ass de Moment, wou et drop ukënnt. Net am Januar.

Europa als eenzeg Léisung?

Mat der Landtagswahl am Saarland koum am Mäerz de Broch. D'Wahl un der lëtzebuergescher Grenz hätt sollen e Risesuccès ginn. D'CDU vum Troun stoussen, an am beschte mat engem gudde Resultat vun de Lénken an dem Oscar Lafontaine och nach déi roud-roud Allianz stäerken. Den haarde Retour op de Buedem vun der Realitéit huet der Euphorie am Schulz-Lager sécherlech wéigedoen.

Et ass schwéier soen, ob de Schulz eng Schold um Ofstierze vun der SPD am Saarland, a Schleswig-Holstein oder elo a Nordrhein-Westfalen huet. Mee: Wéi an de Nopeschlänner Holland a Frankräich d'Anti-EU-Parolen vu Geert Wilder a Marine Le Pen bis an déi däitsch Stied ze héiere waren, huet de Martin Schulz anescht reagéiert wéi d'Kanzlerin Merkel. Hie sot: Europa ass déi eenzeg Léisung. Et ass dat Wichtegst. Kritik un der EU däerf net toleréiert ginn.

Déi däitsch Interessen

Dat soll een net falsch verstoen. Och d'CDU an d'Angela Merkel sti fir Europa. Mee vläicht op enger aner Aart a Weis. Wann d'Kanzlerin eng haart Linn géint Groussbritannien an der Brexit-Diskussioun fiert, verteidegt si och d'Europäesch Unioun. Mee natierlech huelen och déi däitsch Interessen eng wichteg Positioun an.

Beim Martin Schulz - dem fréien President vum Europaparlement, dem Vorzeige-Europäer - huet een d'Gefill, hie wéilt een Däitschland, an deem d'Leit sech "first and foremost" als Europäer gesinn.

Vläicht sinn déi Däitsch einfach méi zefridden domat, an éischter Linn däitsch ze sinn, an dann eréischt Europäer. An net ëmgedréint.