Den Joe Biden mécht wat sech kee vu senge véier Virgänger getraut hat. De Réckzuch vun allen amerikaneschen Truppen aus dem Afghanistan huet dëse Muechtwiessel erméiglecht. Elo gëtt näischt méi dru geännert. Et hu souguer dausenden amerikanesch Truppen zeréck op Kabul misse geschéckt ginn, fir d'Evakuatiounen a leschter Minutt.
Duerno wäert d'amerikanesch Presenz net méi spierbar sinn. All Militärbase goufen opginn, an den internationale Flughafen zu Kabul wäert als lescht falen. Och do sinn, oder waren, amerikanesch Truppe stationéiert. An deenen nächste Stonnen hoffen all Amerikaner déi nach am Afghanistan si vun der Arméi per Helikopter an da per Fliger an d'Ausland evakuéiert ze ginn.
Dat war villäicht virauszegesi mee kaum mat dëser spektakulärer Vitess. D'Amerikaner hunn der afghanescher Arméi vertraut. Si goufe jo vun den USA a vun der NATO trainéiert an och mat Waffen equipéiert. Déi amerikanesch Waffe sinn elo an den Hänn vun den Taliban.
Eng Blamage fir d'USA an d'NATO
Eng militäresch Katastroph fir d'USA, och natierlech eng fir déi amerikanesch Aussepolitik, mee trotzdeem en Ausgang, datt d'Regierung vum Joe Biden net probéiert huet an deene leschten Deeg nach ze stoppen. Dëse President wollt dee sinn deen endlech de Krich fir d'USA op en Enn bréngt. D'Resultat ass méi schlëmm wéi erwaart mee trotzdeem gëtt näischt dru geännert.
Politesch ass et net onbedéngt eng Katastroph fir den Joe Biden. Eng Majoritéit vun den Amerikaner wollten dëse Réckzuch mee dat heescht net datt Republikaner net vun dësem Enn profitéiere wäerte fir den US-President ferm ze kritiséieren. Et ass eng Blamage fir d'USA, soen d'Republikaner, an Demokrate wäerten et net einfach hunn deem ze widderspriechen. D'Biller aus dem Afghanistan hunn och am Wäissen Haus selwer schockéiert.