Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU äntwert net zesummen op héich Energiepräisser

HAUSSE VUN ENERGIEPRÄISSER

D'EU äntwert net zesummen op héich Energiepräisser

D'EU geet bis op Weideres net op de Wee, zesumme Mesurë géint d'Hausse vun den Energiepräisser ze huelen. Amplaz dovu sollen d'Länner individuell op nationalem Niveau reagéieren.

auto_stories

4 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / astrogor

D'Positioune leien och dowéinst wäit auserneen, well d'Länner ganz ënnerschiddlech vun der Hausse vun de Präisser betraff sinn a well den Energiemaart op nationalem Niveau an de Memberstaaten anescht organiséiert ass.

Lëtzebuerg géint Agrëff an de Maart

D'Aschätzungen, wat d'Evolutioun vun de Präisser ugeet, sinn och verschidden. Lëtzebuerg geet dovun aus, datt d'Hausse temporär ass a schwätzt sech dowéinst genee ewéi Däitschland dofir aus, net an de Marché, deen eigentlech funktionéiert, anzegräifen.

"Freie Preisbildung und wettbewerbliche Märkte sind eine zentrale Grundlage, um unsere Energieversorgungssicherheit auf hohem Nibveau weiterhin zu gewährleisten."

Sou den däitsche Staatssekretär fir Energie, den Andreas Feicht en Dënschdeg beim Echange zu Lëtzebuerg.

Lëtzebuerg ass och där Meenung. Am Virfeld vun der Reunioun vum Dënschdeg hat de Grand Duché zesumme mat aacht anere Länner an engem Bréif ënnerstrach, datt et wichteg wier, datt d'EU-Länner déi nämmlecht Analys vun der Situatioun maachen.

D'Hausse vun de Präisser hätt näischt mam Opbau vum Energiemaart oder der Klimapolitik ze dinn. D'Mesurë vum Klimapak misste méiglechst séier ëmgesat ginn.

Mix vu Kontrakter fir méi Präisstabilitéit

Fir den Energieminister Claude Turmes sollt een en Vue vun enger méi grousser Präisstabilitéit dofir suergen, datt an den EU-Länner beim Akaf vu Gas drop gekuckt gëtt, ee Mix aus méi kuerz - a laangfristege Kontrakter ze hunn.

"Mir sinn an der glécklecher Lag zu Lëtzebuerg, datt dat bei eis de Fall ass. Ech wäert des Woch all eenzel Gaskeefer hei zu Lëtzebuerg eenzel gesinn, fir mat hinnen driwwer ze kucken a nach méi Detailer ze kréien. Da wëlle mer och mat hinne kucken, wéi mer déi Reegel, datt keen iwwer de Wanter vum Gasnetz ofgeschalt gëtt, kënnen an der Praxis ëmsetzen."

Méi kloer Reegele fir d'Späichere vu Gas - och dat eng Mesure, déi eng Partie Länner ustriewe wëllen. D'Europäesch Kommissioun soll der Fro nogoen an entspriechend Propos maachen.

Zesumme Gas akafen: Länner si sech net eens

Spuenien hat sech dofir ausgeschwat, als EU zesummen um globale Marché Gas anzekafen. Dat géif zu laangen a komplizéierte Verhandlunge féieren, seet de Lëtzebuerger Energieminister Claude Turmes. Hien huet sech dofir ausgeschwat, datt sech verschidde Länner fräiwëlleg kéinten zesummendinn. Fir Lëtzebuerg, wat elo schonn zanter e puer Joer op deem Gebitt mat der Belsch zesummeschafft, kéint et Sënn maachen, déi Kooperatioun auszebauen.

Beim Echange gëschter war däitlech erauszehéieren, datt d'Virstellunge vun de Länner deels wäit ausernee leien. De Süden, zesumme mat Frankräich, wëllt den Energiemaart ëmkrämpelen an zum Beispill den Stroumpräis vun deem vum Gas entkoppelen.

Dat hält iwwerdeems de Claude Turmes fir net realistesch.

Et ass net deen eenzege Punkt, op deem Lëtzebuerg a Frankräich sech net eens sinn. Anere Sträitpunkt ass d'Atomenergie an hire Roll am Klimaschutz respektiv dem ekologeschen Ëmbau.

Decisioun iwwer Atomenergie am Dezember

D'Kommissioun ass am gaangen un enger Taxonomie ze schaffen, déi festleet, wéi eng Energiesourcen als nohalteg agestuuft ginn. Ee Reegelwierk, dat net nëmmen eng Roll spillt an der Fro, wéi eng Projeten eligibel si fir eventuell EU-Subsiden, mee dat och fir d'Investisseure soll als Leitlinn gëllen.

Atomenergie ass klimafrëndlech, well emissiounsaarm, an huet deemno eng wichteg Roll am Klimaschutz ze spillen, sou op en Neits d'Argument vun enger Partie Länner gëschter. Lëtzebuerg, ass do net d'Accord. Allerdéngs wiisst den Drock op d'Kritiker vun der Atomkraaft

"Dat gëtt ee spannende Match, een, deen net einfach ze gewannen ass. Ech si frou, datt mer mat Éisträich a mat der nächster däitscher Regierung eng staark Allianz hunn, a mir wäerte weider dru schaffen", sou de Claude Turmes.

An der Europäescher Kommissioun kéint de Wand och dréinen. D'Presidentin Ursula von der Leyen hat um EU-Sommet betount, datt d'Atomenergie als stabil Energiesource gebraucht géif ginn an hire Roll zesumme mam Gas an der Iwwergankszäit bis bei eng klimaneutral EU ënnerstrach. Sou däitlech hat sech d'Kommissiounscheffin nach net zu deem Sujet geäussert, et dierf ee gespaant sinn op d'Decisioun vun der Kommissioun am Dezember.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.