Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Asselborn: EU-Erweiderung gréissten Erausfuerderung fir d'Lëtzebuerger Aussepolitik

Diplomatie

Asselborn: EU-Erweiderung gréissten Erausfuerderung fir d'Lëtzebuerger Aussepolitik

Eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir Europa - an och déi Lëtzebuergesch Aussepolitik - ass d'Erweiderung vun der Europäescher Unioun. Dat ass eng vun de Konklusiounen aus der Konferenz vun de lëtzebuergeschen Diplomaten. Et war déi éischt déi no véier Joer rëm am Presentiel war. Den Ausseminister Jean Asselborn huet den Donneschdeg de Moie virun der Press e Bilan gezunn.

auto_stories

2 min

Foto: Chris Zeien

Lauschterenplay_arrow


Lëtzebuerg hätt haut 51 diplomatesch a konsularesch Missiounen. Virun 20 Joer waren et der hallef sou vill, erkläert de Jean Asselborn. Et géifen och Pläng gi fir dräi nei Ambassaden, seet den Ausseminister. Lëtzebuerg plangt nach Embassaden a Südkorea, zu Costa Rica an am Benin opzemaachen. Déi zwou lescht sinn am Kader vun der Entwécklungshëllef ze gesinn.

Lëtzebuerg bleift weider am Mali present

D'Kooperatiounspolitik géif och an de Länner an der afrikanescher Sahel-Regioun weidergefouert ginn - trotz den aktuellen Tensiounen. Am Mali géif sech de Wagner Grupp ëmmer méi staark maachen an d'Aversioune géint d'Europäer géife klammen. Trotz oder ebe wéinst den Tensiounen an der Regioun, wéilt een do awer present bleiwen, esou de Jean Asselborn.

"Am Mali war kloer, de Message och vun eiser Diplomatin datt mer mussen do bleiwen, datt dat och vun eis erwaart gëtt. Et ass nach keen Europäer do fort gaangen a mir schaffe lo mat den ONGen, well mer praktesch net méi kënne mat der Regierung schaffen."

D'Ukrain war och e Sujet op der Konferenz

Datt och an der Ukrain eng Ambassade sollt opgemaach ginn, wier an der aktueller Situatioun onwarscheinlech.

Weider Sujete vun der Konferenz wieren ënnert anerem d'Erausfuerderungen duerch de russesche Krich an der Ukrain gewiescht souwéi och d'Ëmsetzung vun der Lëtzebuergescher feministescher Aussepolitik.