Brexit D'EU gëtt d'Richtung un

Groussbritannien wier ouni kloer Virstellungen an déi éischt Verhandlungsronn iwwert de Brexit era gaangen, seet de Gregor Schusterschitz. Et wier awer e Feeler fir d'Briten ze ënnerschätzen, sou de Vertrieder vun Éisträich am Aarbechtsgrupp vum EU-Conseil fir de Brexit. De Gregor Schusterschitz, deen och Ambassadeur vun Éisträich zu Lëtzebuerg ass, rechent am Juli mat éischte konkrete Verhandlungspositioune vu Groussbritannien.

Mick Entringer / ys

Gregor Schusterschitz.JPG
Georg Schusterschitz

Et hätt e scho vill Zäit verluer, zanter datt Groussbritannien am Mäerz offiziell seng Demande agereecht huet fir en Austrëtt aus der EU, seet de Gregor Schusterschitz. Den éisträicheschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg ass och Vertrieder vun Éisträich an der Aarbechtsgrupp vum EU-Conseil fir de Brexit. Et ass deen Aarbechtsgrupp deen der EU-Kommissioun d'Verhandlungsmandat gëtt.

London huet nach keng Verhandlungspositioun

Groussbritannien wier ouni eegene Fahrplang an ouni eege Prioritéitelëscht an déi éischt Brexit-Verhandlunge gaangen. An der éischter Ronn hätt London e Méindeg d'Propose vun der EU iwwerholl, sou de Gregor Schusterschitz.

"Eis ass näischt aneres iwwreg bliwwe wéi déi leschte Wochen dofir ze notze fir sech eege Gedanken ze maachen. Esou ass et logesch, datt deen, deen als éischt mat gutt ausgefeilten Iddie kënnt, deen aneren éischter beaflosse kann, well e besser virbereet ass."

De Verhandlungsplang, deen den Aarbechtsgrupp vum EU-Conseil sech iwwerluecht hätt, wier net géint d'Briten ausgeriicht. "An deem Plang ass näischt wat d'Brite vrun de Kapp stousse soll", fënnt de Gregor Schusterschitz.

Groussbritannien net ënnerschätzen

Duerch d'Wahlen a Groussbritannien misste sech an der britescher Regierung gewësse politesch Virstellungen iwwert de Brexit nei entwéckelen. Et wier awer e Feeler fir d'Briten z'ënnerschätzen. Si wiere professionell opgestallt. Och eng geschwächte britesch Regierung, wier nach ëmmer eng Regierung, déi wéisst wat se wéilt. Déi éischt grouss inhaltlech Verhandlungsronn iwwert de Brexit ass Mëtt Juli, seet de Gregor Schusterschitz. Hie geet dovun aus, datt Groussbritannien dann ausgeschaffte britesch Positioune wäert virleeën.

D'Kommissioun verhandelt fir d'EU bilateral mat London. Bréissel kritt säi Verhandlungsmandat vum Aarbechtsgrupp vum EU-Rot fir de Brexit. Deen Aarbechtsgrupp ass besat mat Vertrieder vun allen 27 EU-Memberstaaten.

"Et ass eis ganz wichteg, datt d'EU mat enger Stëmm schwätzt. An dat muss d'Kommissioun sinn". Mee d'Kommissioun kéint an de Verhandlungen awer just déi Positiounen a Verhandlungsspillräim vertrieden, déi den Aarbechtsgrupp vum EU-Rot hir mat op de Wee gëtt, erkläert de Gregor Schusterschitz.

Zeeche stinn nach ëmmer op Austrëtt

Am Moment géifen all d'Zeechen drop hiweisen, datt de Brexit duerchgezu wäert ginn. Ënnert Juriste géif et awer schonn eng Diskussioun ginn, op een theoretesch déi Austrëttsdemande vu London erëm zréckzéie kéint. Aktuell géif hien a Groussbritannien awer politesch keng Unzeechen an déi Richtung gesinn. Woubäi den Diplomat net ausschléisst, datt et an zwee Joer Verhandlungen och en Ëmschwong kéint ginn.

Dat europäescht Parlament muss um Enn vun de Verhandlungen dat definitiivt Ofkommes geneemegen.

Éisträichesch Ambassade gëtt opgestockt

De Gregor Schusterschitz reest zwee mol d'Woch op Bréissel fir als éisträichesche Vertrieder am Aarbechtsgrupp vum EU-Rot iwwert d'Brexitverhandlungen dobäi ze sinn. Dat wier e "klenge" Problem fir seng Aarbecht als Ambassadeur zu Lëtzebuerg.

Lëtzebuerg wär zwar e klengt Land, dofir wier awer immens vill lass zu Lëtzebuerg. Am Moment géif et him nach schwéier fale fir béid Funktiounen ënnert en Hutt ze kréien. Vun August un géif déi eisträichesch Ambassade zu Lëtzebuerg verstäerkt ginn.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Marc Hengen
Assurancen

Nom briteschen EU-Austrëtt verleeë grouss Assurancen hire Siège op Lëtzebuerg. Dat wier eng gutt Geleeënheet fir Lëtzebuerg, seet de Marc Hengen, President vum Direktiounscomité vun der ACA.

Denis MacShane
Denis MacShane

Dat britescht Vollek sot Nee zum haarde Brexit, Nee zum Nationalismus a Nee zur Austeritéitspolitik déi et zanter zéng Joer a Groussbritannien gëtt. D'Analys vum fréieren Europaminister Denis MacShane.

Just-eng-schréips.jpg Meenung
Wirtschaft

Den Austrëtt aus der EU wäert Groussbritannien deier ze stoe kommen. An och fir d'EU selwer huet de Brexit en héije Käschtepunkt. Déi Messagë wëll zu dësem Zäitpunkt awer kee richteg héieren.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen