Radioen

On air

Notturno  |  Bartleby Delicate - A Little Less Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU soll eng aktiv Geopolitik bedreiwen

Aussepolitik

D'EU soll eng aktiv Geopolitik bedreiwen

Europa muss méi Verantwortung an der Welt iwwerhuelen, och militäresch. Dat ass eng vun de Grondtheese vum däitschen SPD-Politiker Sigmar Gabriel. An der Abtei Neimënster huet hie gëschter op Aluedung vum Institut Pierre Werner an der däitscher Botschaft zesumme mam Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn säin neit Buch mam Titel "Zeitwende in der Weltpolitik. Mehr Verantwortung in ungewissen Zeiten" virgestallt.

auto_stories

2 min

Mam Titel vu sengem Buch kontrastéiert de Sigmar Gabriel eis Welt vun haut mat der Welt nom Zesummebroch vun der Sowjetunioun. Enger Welt, déi vun amerikanescher Virherrschaft gepräägt a vum Politolog Francis Fukuyama als d'Enn vun der Geschicht bezeechent gouf.

E Contrepoids zu China

Haut wier et sou, datt d'USA hir dominant Roll an Europa géifen opginn a China ëmmer méi staark géif ginn. Och wann een d'Dominanz vu China net wéilt ze grouss gi loossen, wier et awer keng Optioun ze probéiere China ekonomesch erauszehalen, esou de fréieren däitschen Ausseminister Sigmar Gabriel.

Et géif engem näischt iwwreg bleiwen, wéi eng europäesch Äntwert op China ze fannen. "Und wir müssen versuchen mit den USA, Japan, Südkorea und anderen zusammenzuarbeiten, um China auszubalancieren.", esou de fréieren däitschen Ausseminister.

Mir brauchen e gëeenten Europa

Ënner dem President Trump wieren d'USA net méi bereet, sou vill Sue fir d'militäresch Verdeedegung vun Europa auszeginn. Europa an och Däitschland missten ufänke selwer Verantwortung ze iwwerhuelen. Dat sollt awer net heeschen, datt Däitschland déi gefuerdert zwee Prozent vum Bruttoinlandprodukt a seng eegen Arméi soll stiechen, mengt de Sigmar Gabriel. Hie géif virschloen, 1,5 Prozent an d'Bundeswehr, an de Rescht an NATO-Fonds ze investéieren, déi fir d'Sécherheet vun Osteuropa zoustänneg sinn.

De Jean Asselborn, de Siegmar Garbiel an de Journalist Dhiraj Sabharwal. Foto: Institut Pierre Werner

Fir eng méi wichteg Roll an der Welt ze spille misst Europa awer och méi gëeent virgoen a mat enger Stëmm schwätzen. Déi aktuell Entwécklunge ronderëm e wahrscheinlechen Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU géifen Europa immens schueden, seet de fréiere Wirtschafts- an Ausseminister Sigmar Gabriel. "Wir sind Vegetarier in einer Welt von Fleischessern. Wenn die Briten gehen, hält uns der Rest der Welt für Veganer. Man hält uns für schwach."

Eng proaktiv Politik

"Zeitenwende in der Weltpolitik" ass virun allem en Appell vum Sigmar Gabriel un Däitschland. Déi däitsch Politik sollt déi europäesch Initiative vum franséische President Emmanuel Macron opgräifen an als Chance gesinn. Um europäesche Kontinent soll Däitschland eng leedend Roll wouerhuelen.

A Richtung EU ass et dann den Opruff vum fréieren däitschen Ausseminister Sigmar Gabriel eng aktiv Geopolitik ze bedreiwen a sech méi an der Welt anzemëschen.