Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alex Cameron - Country Figs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'EU spillt mat den Zuelen"

Relokalisatioun vu Flüchtlingen

"D'EU spillt mat den Zuelen"

De System, fir Refugiéen an der EU ëmzeverdeelen ass Enn September offiziell ausgelaf. Déi sougenannte Relokaliséierung war ee Succès, sou d'Konklusioun vun der Europäescher Kommissioun. Eng erstaunlech Analys, wann een d'Chiffere kuckt: Nëmmen een Drëttel vun de geplangte ronn 100.000 Refugiée goufen effektiv aus Griicheland oder Italien an aner EU-Länner ëmverdeelt. D'Kommissioun verdréit d'Zuelen, kritiséiere verschidden Hëllefsorganisatiounen. Bei hinne fält de Bilan manner positiv aus.

auto_stories

4 min

Flüchtlingen op engem Schëff um Mëttelmier (Foto: The European Union)

D'Relokalisatioun vu Refugiéen an der Europäescher Unioun war vun Ufank un net einfach. Ursprénglech sollten 160.000 Flüchtlingen bannent der EU ëmverdeelt ginn.

Dee Chiffer gouf no e puer Méint no ënne korrigéiert. Et gouf decidéiert, datt am ganzen 98.000 aus Italien (35.000) a Griicheland (63.000) bannent zwee Joer sollten engem Ëmverdeelungssystem no vun aneren EU-Memberlänner opgeholl ginn.

Relokalisatioun: eng Success-Story?

De 25. September gouf de System declenchéiert, ee Joer dono ware just 6.000 Refugiéen relokaliséiert ginn. "Et ass elo Zäit, fir ze liwweren", huet et reegelméisseg vu Bréissel aus geheescht. Un d'Appeller vum EU-Kommissär Dimitris Avramopoulos hat ee sech scho gewinnt.

Seng Opriff hunn d'Zuelen awer net drastesch verännert. De System ass nëmmen zéi ugelaf. Ëmsou méi erstaunlech, datt d'Kommissioun elo vun engem Succès schwätzt. Bannent den zwee Joer wiere ronn 30.000 Flüchtlingen relokaliséiert ginn.

Dat ass net emol een Drëttel vun deem, wat ofgemaach war, seet d'Iverna McGowen vun Amnesty International. D'Kommissioun géif hei mat den Zuele spillen. Et misst een driwwer nodenken, wéi esou ee System wierklech funktionéiere kéint.

Komissioun: Et war manner Besoin do

D'Kommissioun erkläert hir positiv Analys doduerch, datt a Wierklechkeet de Besoin, fir Refugiéen ëmzeverdeele méi kleng war, wéi ugangs ugeholl. Dat léich virun allem um Migratiouns-Accord, deen d'EU den 20. Mäerz 2016 mat der Tierkei ofgeschloss huet.

Deem Argument widderspriechen d'Hëllefsorganisatiounen. Effektiv Refugiéen, déi no deem Datum a Griicheland ukoumen, sinn net méi an den Ëmverdeelungs-System opgeholl ginn. Et géif awer keng offiziell Decisioun doriwwer, an deemno och keng Reegel, déi dat festleet, seet den Minos Mouzourakis vum ECRE, dem Europäeschen Daachverband vun de Flüchtlingsorganisatiounen.

Déi griichesch Autoritéiten hätte keng Demande méi fir Relokalisatioune gemaach, well si wossten, datt si net ugeholl géife ginn. "Et sinn awer weiderhin Dausende vu Flüchtlingen ukomm, déi ee Recht drop hätten, relokaliséiert ze ginn", sou de Minos Mouzourakis.

Manner streng Critèren?

Eleng zejoert koumen iwwer 20.000 Refugiéen a Griicheland un, genee sou vill goufen der relokaliséiert. Ier de System vun der Ëmverdeelung a Kraaft war, souzen iwwer 60.000 Flüchtlingen am Land fest. Déi Zuele weisen, datt Griicheland nach ëmmer fir Zéngdausende vu Refugiéen responsabel ass. D'Situatioun um Festland hätt sech verbessert, sou den Minos Mouzourakis. Allerdéngs wieren d'Zoustänn an de Campen op den Inselen nach ëmmer kritesch.

De Besoin, fir Flüchtlingen an der EU ëmzeverdeele wier also op alle Fall do, seet och d'Iverna McGowen vun Amnesty International. Et hätt ee kéinten d'Critère vum System manner streng maachen.

Dat ass een anert Argument, dat d'Kommissioun opzielt: Et géife virun allem an Italien net genuch Flüchtlingen, déi d'Critèren erfëllen, sou e Spriecher vun der Kommissioun. Just Flüchtlingen, déi aus engem Land kommen, aus deem op d'mannst 75 Prozent vun den Demandë fir Asyl ze kréien an der EU unerkannt ginn, komme fir eng Relokalisatioun a Fro. "Dee Pourcentage ass net an all EU-Land deen Nämmlechten", seet d'Iverna McGowen. "D'Approche vun der EU ass also net harmoniséiert. An engem System, deen d'Mënscherechter respektéiert, muss all Fall vun enger Demande eenzel gekuckt ginn."

"Et gëtt Natiounen, déi net op d'Moyenne vu 75 Prozent kommen, a wou awer ee grousse Besoin vu Protektioun do ass. Mä hei gëtt eng aner Logik ugewannt. D'Critèrë gi méi streng gemaach, fir op deem Wee dono déi niddreg Zuele vun der Relokalisatioun als Succès ze verkafen", seet den Minos Mozourakis.

Déi mannsten EU-Länner kommen op déi Quot, déi fir si individuell ausgerechent gouf. Lëtzebuerg huet ëmmerhin 77 Prozent vun de Refugiéen ugeholl, déi fir de Grand Duché virgesi waren. D'Belsch kennt just op 26 Prozent, anerer wéi Ungarn oder Polen hu guer net beim System matgemaach.

E weideren Appell un d'Solidaritéit

D'Kommissioun ass de Gardien vun den Traitéen a muss dofir suergen, datt d'Länner sech drun halen, fuerdert d'Iverna McGowen. Allerdéngs ass et net sécher, ob deenen, déi manner solidaresch waren, och wierklech eng Strof blitt. "Mir setze fir d'éischt op den Dialog", hat den EU-Kommissär Dimitris Avramopoulos de 27. September gesot.

Als méi laangfristeg Léisung vum Problem verweist d'Kommissioun op d'Reform vum Dublin-Reglement, dat festleet, wéi ee Land fir d'Demandeur d'Asyl responsabel ass. Dës Reform ass awer den Ament ferm ëmstridden an een Accord net en vue.

An Tëschenzäit misst d'Relokalisatioun virugoen, sou d'Kommissioun, déi weider un d'Solidaritéit vun den EU-Länner appelléiert an drop hält, datt den Ëmverdeelung-System funktionéiert huet. Obwuel d'Chifferen eppes anescht weisen.