D'Ursula von der Leyen krut just néng Stëmme méi, wéi si fir d'Majoritéit gebraucht huet. Dat sinn der net vill. De Vott war geheim a genee wäerte mir ni gewuer ginn, wie wéi gewielt huet.
Op alle Fall hunn eng ganz Partie vun deenen dräi grousse Fraktiounen (Chrëschtdemokraten, Sozialisten a Liberal) net fir d'Ursula von der Leyen gestemmt.
De Vott weist: D'Parteidisziplin am Europaparlament gëtt net onbedéngt agehalen. Et gouf wahrscheinlech vill no Länner ofgestëmmt, dat heescht, datt sech Deputéiert vu verschiddenen nationalen Delegatiounen éischter no de nationalen Regierungen wéi un der Parteilinn orientéiert hunn.
Staats- a Regierungscheffe ginn den Toun un
D'Europaparlament steet no deem Vott méi schwaach do. De Spëtzekandidatesystem gouf net respektéiert. Um Enn huet d'Parlament eng Kandidatin akzeptéiert, déi net Spëtzekandidatin war, an um Enn huet d'Parlament sech de Zeenario vun de Memberlänner virschreiwe gelooss. Et huet ee sech hei ënner Drock setze gelooss - an an een enken Zäitplang drécke gelooss - aplaz d'Heft selwer an d'Hand ze huelen.
D'Ursula von der Leyen ka sech bei egal wat si proposéiere wäert, zimlech sécher net op eng komfortabel Majoritéit stäipen.
De Präis vun der Majoritéit
A well de Vott esou knapps war, kënnen elo verschidde Grupp fir sech reklaméieren, datt hir Stëmmen decisiv waren, datt d'Ursula von der Leyen hinne souzesoen hir Victoire ze verdanken huet. Dat maachen elo zum Beispill déi polnesch an déi ungaresch Regierungsparteien. Dat mécht een natierlech, well ee sech versprécht, datt ee sech dofir eppes kafe kann. An et ass net kloer, wien hei wat versprach krut. Et ass awer kaum unzehuelen, datt déi Stëmme fir näischt waren.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.