Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Djo - End of Beginning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Exit-Strategie vun der Regierung

Deconfinement

D'Exit-Strategie vun der Regierung

Ee Méindeg sollen d'Geschäfter erëm dierfen hir Dieren opmaachen. D'Bierger missten elo léiere mam Virus ze liewen, dat war den Haaptmessage an der Deklaratioun vum Premier Xavier Bettel an der Chamber iwwer d'Exit-Strategie vun der Regierung.

auto_stories

1 min

Foto: Chambre des députés

Och wann de gesetzleche Confinement e Méindeg opgehuewe gëtt, sozial Kontakter erëm méiglech ginn a Geschäfter a Coiffeuren erëm opginn, wier fir déi nächst puer Wochen net alles wéi virun der Corona-Kris, esou de Message vum Premier an der Chamber.

Et wier virun Allem eng Flicht an eng Responsabilitéit, déi Vulnerabelst ze schützen. De Xavier Bettel huet virum Risiko vun enger zweeter Infektiounswell gewarnt.

De Xavier Bettel huet preziséiert, datt d'Méiglechkeete fir Regruppementer dobausse mat bis zu 20 Persounen nëmmen op ëffentleche Plaze erlaabt sinn. De Premier huet versprach alles wëllen ze maache fir den Impakt vun der Kris esou kleng wéi méiglech ze halen.

Hien huet ugekënnegt, datt et steierlech Ureizer fir Proprietäre kéinte ginn, wa si an dësem Joer Commerce- oder Horesca-Betriber Loyeren noloossen. Et gëtt Zäit, datt et déi Exit-Strategie gëtt, sot hirersäits d'CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen.


Lauschtert de Reportage vum Carole Schimmer