Radioen

On air

De Moien  |  Flyte - Amy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Flüchtlingshal "ass keng Business-Linn" vun der LuxExpo

Foireshalen

D'Flüchtlingshal "ass keng Business-Linn" vun der LuxExpo

D'Regierung huet e Kontrakt bis Enn vun dësem Joer fir Flüchtlingen an der Hal 6 ënnerzebréngen. Am Moment wier nach net kloer, op d'Hal duerno weider fir Flüchtlinge genotzt gëtt, seet de LuxExpo-Direkter Jean-Michel Collignon.

auto_stories

2 min

D'LuxExpo hat d’Hal 6 an enger éischter Phas gratis fir Flüchtlingen zur Verfügung gestallt, seet de Jean-Michel Collignon. Am September 2015 hätt ee mam Ministère ausgemaach, datt d'Foireshalen op déi Manéier zu der nationaler Solidaritéit bäidroen, esou den Direkter vun der LuxExpo. Deemools wier een awer nach dovun ausgaangen, datt d'Hal just fir en halleft Joer gebraucht géif ginn.

Well de Flüchtlingszenter duerno weider gebraucht ginn ass, huet d'LuxExpo eng Konventioun mat der Regierung ënnerschriwwen. Doranner ass festgehal, datt d'Foireshalen eng finanziell Entschiedegung kritt. Des Zomm wier awer manner héich, wei bei kommerziellen Aktivitéiten, esou de Jean-Michel Collignon. Si géif just d'Onkäschten decken, déi duerch de Flüchtlingszenter entstinn.

De Vertrag mam Ministère leeft nach bis Enn 2017. Op d'Hal 6 och duerno weider fir Flüchtlinge genotzt gëtt, ass am Moment nach net kloer. De LuxExpo-Direkter seet, d'Gespréicher doriwwer wieren nach am Gang.

"Abschiebezenter" schiedlech fir den Image

De Jean-Michel Collignon distanzéiert sech iwwerdeems vum "Abschiebezënter", deen elo an der Hal 6 installéiert gëtt. Hie mengt, et kéint dem Image vu senger Firma schueden, wa si mat engem Centre d'Expulsioun fir Flüchtlingen associéiert gëtt.

D'Perceptioun vum Public hätt sech geännert, zënter d'Regierung decidéiert huet an der Hal 6 just nach Leit ënnerzebréngen, déi keen Asyl zu Lëtzebuerg kréien. Ufanks wier éischter e "positive Message" vum Flüchtlingszenter ausgaangen, well een esou gehollef hätt "Leit, déi aus Krichsgebidder koumen, z'empfänken."

En "Abschiebezenter" hätt dogéint éischter eng negativ Konnotatioun, mengt de LuxExpo-Direkter. Fir sech dovun ofzegrenzen, huet de Betrib d'Press gefrot, de Firmennumm "LuxExpo" net an Zesummenhang mam Centre d'Expulsion ze benotzen. De Jean-Michel Collignon seet, seng Firma hätt net direkt eppes mam Flüchtlingszenter ze dinn: "Mir stellen einfach e Raum zur Verfügung, well d'Regierung haut an enger Situatioun ass, wou se esou e Raum brauch. An domat huet et sech."