Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gebäerdesprooch als offiziell Sprooch

Fir méi Chancegläichheet

D'Gebäerdesprooch als offiziell Sprooch





D'Unerkennung vun der däitscher Gebäerdesprooch soll fir méi Chancëgläichheet fir héiergeschiedegt an daf Persoune suergen. Ënnert anerem sollen déi betraffe Leit een Dolmetscher fir Demarchë bei staatleche Servicer zur Säit gestallt kréien, déi och vum Staat bezuelt ginn.

auto_stories

4 min

Et gëtt keng universell Gebäerdesprooch, mä ganz vill ënnerschiddlecher, sou wéi et och vill verschidde Laut-Sprooche ginn. D'Regierung huet dofir entscheet, déi däitsch Gebäerdesprooch unzëerkennen, well déi zu Lëtzebuerg am meeschte genotzt gëtt. Fir d'Integratiouns- a Familljeministesch Corinne Cahen géif dat och d'Inklusioun weider méiglech maachen an et wier ee grousse Schratt an der Unerkennung vun der sproochlecher Identitéit vu Leit ouni Gehéier.

Hoffen op méi Dolmetscher

Am Gesetzprojet ass virgesinn, datt héiergeschiedegt Leit een Dolmetscher an Usproch huele kënnen, dee si bei Bedarf ufroe mussen. De Moment ginn et zu Lëtzebuerg awer just zwee Dolmetscher, déi vum Lëtzebuergeschen an déi däitsch Gebäerdesprooch iwwersetze kënnen. Dat géif net duergoen, esou d'Corinne Cahen.

Fir deem entgéint ze wierken, trëtt d'Gesetz eréischt zwee Joer a Kraaft, nodeems et vun der Chamber ugeholl an am Memorial publizéiert ginn ass. D'Regierung hofft, datt bannent där Zäit nach méi Leit den Dolmetscher-Studium maachen, esou d'Familljeministesch.

Inclusioun vun der Gebäerdesprooch

Dat geplangte Gesetz hätt ee konkreten Impakt op den Alldag vun de betraffene Leit, esou den Educatiounsminister Claude Meisch. D'Gesetz géif zum Beispill d'Recht schafen, datt all Jonken, dee gehéierlos ass oder schlecht héiert, an der Gebäerdesprooch enseignéiert gëtt. Dat géif fir de Fondamental a fir de Secondaire gëllen. "Mir kucke wou et méiglech ass, Kanner um regionale Plang ze regruppéieren, fir si a reguläre Schoulen a Klassen ze halen. Mir mussen dann natierlech kucken, datt een Interpret disponibel ass, fir datt dee Cours ka gehale ginn."

D'Gebäerdesprooch kann een am Centre de Logopedie léieren. Donieft ginn nach fënnef weider Spezialisteposte geschaf, fir ënner anerem Proffen an Enseignanten ze forméieren, déi den Encadrement vu gehéierlose Schüler och an der Regelschoul assuréieren.

De "Service de la Formation des adultes" organiséiert an Zukunft och Course fir d'Ëffentlechkeet. Dës sinn am Géigesaz zu de Course fir d'Familljememberen awer net gratis, esou de Minister. Elteren a Geschwëster vu gehéierlose Mënsche hunn en Usproch op bis zu honnert Stonne Cours. Fir de Claude Meisch ass et wichteg, datt gehéierlos Persounen een normaalt Liewe féiere kënnen, an datt si sech an hirem direkten Ëmfeld verstännege kënnen. "Dofir wäerte Formatiounen ugebuede ginn, fir ee Minimum u Basiskompetenzen an der Gebäerdesprooch kënnen z'erreechen. Déi Course wäerten dann och gratis sinn."

Och d'Méiglechkeet fir ze studéieren

D'Hörgeschädigtenberatung plädéiert dofir, dëst Recht och op d'Kanner vun Héiergeschiedegten auszewäiten. Dat géing d'Familljeliewe vun héiergeschiedegten Eltere vereinfachen. Am Ausland, zum Beispill an Däitschland oder an den USA, géif doriwwer eraus scho méi laang d'Méiglechkeet bestoen, fir als Gehéierlosen oder héiergeschiedegte Mënsch op d'Uni ze goen, esou d'Nicole Sibenaler vun der Hörgeschädigtenberatung (iwwersat vun der Sabrina Collé).

Fir d'éischt misst mol d'Gesetz ëmgesat ginn an da misst d'Uni oppe si fir Dolmetscher, déi d'Leit kéinten op der Uni begleeden. "Een Dolmetscher geet do net duer fir eng Persoun. Et brauch een ongeféier schonn aacht Dolmetscher, déi sech all 15 Minutten ofwiessele mussen." Do dernieft wier et och wichteg, datt déi Dolmetscher dat néidegt Fachwëssen hätten, esou d'Nicole Sibenaler.

Keng Schrëft-Dolmetscher

D'Hörgeschädigtenberatung bedauert och, datt dat geplangte Gesetz fir ëffentlech Konferenze keng Schrëft-Dolmetscher virgesäit. E weidere Problem géif den aktuelle Gesetzestext och net léisen, fënnt d'Nicole Sibenaler. Si freet sech, wéi Leit, déi d'Gebäerdesprooch net beherrschen, mat de verschiddenen Administratioune kommunizéieren sollen.

Generell géingen déi Betraffe sech wënschen, datt d'Gesetz nach méi op déi spezifesch Besoine vu gehéiergeschiedegte Leit a Leit ouni Gehéier géif agoen. "Et wier och gutt, wann op der Uni d'Gebäerdesprooch géif erfuerscht ginn a wann een eng Ausbildung als Dolmetscher hei zu Lëtzebuerg maache kéint. Déi eng brauchen d'Gebäerdesprooch, anerer hu léiwer aner Zorte vu Kommunikatioun a wéilte vläicht léiwer Schrëft-Dolmetscher oder eng vereinfacht Form vun der Gebäerdesprooch. Jidderee soll dat kënne kréien, wat e wëll, well et och souvill verschidde Leit ginn."

De finanziellen Impakt vun der Unerkennung vun der Gebäerdesprooch op de Staatsbudget beleeft sech dem Gesetzprojet no op ronn 670.000 Euro. Wéini genee d'Gesetz ka gestëmmt ginn ass momentan nach net kloer. Et géif een op den Avis vum Staatsrot waarden, heescht et aus dem Familljeministère.