Déi nei Regierung hëlt Form un: den Ament gëtt et 100,7-Informatiounen no e virleefege Konsens tëschent de Spëtzte vun DP, LSAP an déi gréng fir 17 Regierungsmemberen: 6 fir d'DP, 6 fir d'LSAP a 5 fir déi gréng. An deem Modell, deen op héchstem Niveau diskutéiert gëtt, soll d'DP de Poste vum Chamberpresident kréien, d'LSAP dee vum Lëtzebuerger EU-Kommissär.
Nei an d'Regierung kéimen dem aktuelle Stand no bei der DP de Lex Delles, bei der LSAP d'Taina Bofferding an d'Tess Burton a bei déi gréng d'Sam Tanson.
Onkloer ass nach, ob déi gréng e sechste Regierungsmember verlaangen oder en aneren, zousätzleche Posten. Am Ufank waren déi dräi Parteie sech eens fir méi eng kleng Regierungsequipe ze forméieren, wéi an der leschter Legislaturperiod (18 Posten).
D'Ressorte sinn nach net vill op déi verschidde Parteien opgedeelt: an den nächste Woche sinn also nach eng Partie Ännerungen um aktuell diskutéierte Modell méiglech.
Bei der DP gëtt fir de Poste vum Chamberpresident de Fernand Etgen gehandelt. Bei der LSAP huet den Nicolas Schmit de parteiinterne Match fir de Poste vum EU-Kommissär bis op Weideres gemaach.
Et ass dat deklaréiert Zil fir d'Koalitiounsverhandlungen an den nächste Wochen ofzeschléissen.
Konsens iwwer éischt Kapitelen
D'Themeberäicher Justiz, bannescht Sécherheet a Medien sinn eisen Informatiounen no ofgeschloss ginn. D'Rapporte vun dëse béiden themateschen Aarbechtsgruppe goufen de Mëttwoch, 14. November, am Ausseministère presentéiert a si ginn elo viru redigéiert fir an de Koalitiounsaccord anzefléissen. Dat war dësen Donneschdeg op Nofro hi gewuer ze ginn. Éischt Sujete goufe clôturéiert, hat de Formateur Xavier Bettel de Mëttwoch den Owend no der Sitzung gesot, ouni awer Detailer wëllen ze nennen.
Beim Sujet intern Sécherheet gouf um Niveau vum Aarbechtsgrupp iwwer d'Schwieregkeete geschwat fir genuch Polizisten a Giischtercher ze fannen. Déi weider Ëmsetzung vun der Police-Reform a vun der Reform vun de Rettungsservicer wiere weider Ziler an dësem Themeberäich, heescht et.
Wéi eng Rapporten aus den am ganzen eelef Aarbechtsgruppen d'nächst Woch an den dräi Sitzungen am grousse Krees thematiséiert ginn, soll an der Plenièresreunioun dëse Freideg de Mëtteg festgeluecht ginn.
Wahrscheinlechst Opdeelung (Stand: 15. November)
Regierungsmemberen
DP: Xavier Bettel, Corinne Cahen, Pierre Gramegna, Claude Meisch, Lex Delles, Marc Hansen
LSAP: Etienne Schneider, Jean Asselborn, Dan Kersch, Taina Bofferding, Romain Schneider, Tess Burton
déi gréng: François Bausch, Sam Tanson, Felix Braz, Carole Dieschbourg, Claude Turmes
EU-Kommissär: Nicolas Schmit
Chamberpresident: Fernand Etgen
Fraktiounscheffen
LSAP: Georges Engel
Gréng: Josée Lorsché
Spëtzekandidate fir d'Europawahle vum 26. Mee
DP: Charel Goerens
LSAP: Nicolas Schmit
Gréng: Tilly Metz