Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gemeng Bech an de Sträit ëm e puer abordabel Wunnengen

Op der Schanz

D'Gemeng Bech an de Sträit ëm e puer abordabel Wunnengen

Bech ass eng kleng, diskret Gemeng vun 1.357 Awunner, déi et nëmme seelen an déi national Schlagzeile packt. Wa si dat zanter Enn 2019 awer e puermol fäerdeg bruecht huet, da louch dat just un enger vun hiren zéng Uertschaften. Un Altréier oder der Schanz. Do suergt de Projet vun e puer abordabele Wunnengen um Site vun der aler Schoul ëmmer erëm fir Diskussiounen.

auto_stories

4 min

Al Schoul op der Schanz (Foto: Maurice Molitor)

De Camille Kohn war 18 Joer laang kommunalpolitesch aktiv an der Gemeng Bech. Ëmmer am Schäfferot, déi lescht 12 Joer als Buergermeeschter. Ech soen "hie war", och wann en et nach ëmmer ass. Awer just bis den 11. Juni. Dann trëtt en net méi un. Well e géif mengen, de Moment wär komm, fir anere Plaz ze maachen. Op kee Fall hätt seng Decisioun opzehalen eppes mat der Schanz ze dinn.

Mat "der Schanz" mengt de Camille Kohn e Projet, deen en zanter Enn 2019 vill, an net ëmmer op eng agreabel Aart a Weis beschäftegt huet. Et geet ëm de Bau vun e puer abordabele Wunnengen an deem Duerf. "Keen einfachen Dossier" sou den Nach-Buergermeeschter, an dofir sot en haut virun aacht Deeg mat enger gewësser Erliichterung.

"Ech hoffen, datt et déi lescht Etapp war. Ech hu gëschter, also den 2. Mee, d'Baugeneemegung ginn,op der Schanz véier bezuelbar Wunnechten ze schafen. Et ass jo en Dossier, dee scho laang schleeft. Mir hunn en och ganz gutt gepréift, gekuckt ob alles an der Rei a konform ass. An elo geet de Projet säi Wee, esou wéi et vum Gesetz virgeschriwwen ass."

Reaktiounen vum Projet op der Schanz

Et goufen zwou Reaktiounen dorop. Engersäits déi vum Gilles Hempel, dem Direkter vun der Fondation pour l'accès au logement, ëm där hire Projet et hei geet.

"Mir sinn immens frou. Dat war elo wierklech e laange Wee, e laange Kampf. Mee finalement si mir elo do ukomm a kënne geschwënn ufänken, déi Wunnengen ze bauen."

Anerersäits d'Stëmm vum Maître Georges Krieger, dem Affekot vun deene Schanzer Leit, déi sech zanter Jore mat alle juristesche Mëttele géint de Projet wieren, an déi och elo net opginn.

"Ech si chargéiert ginn, fir déi autorisation de bâtir ze analyséieren a fir e Recours dogéint ze maachen."

Wéi genee hien dee Recours juristesch begrënne wäert, kéint en elo nach net soen, erkläert de Maître Krieger. Mee d'Argumentatioun géif sech natierlech un déi Linn halen, déi d'Géigner ëmmer gehat hätten an deem Dossier. An dat wier net de blanne Refus vu Sozialwunnengen am Duerf gewiescht.

"Dat ass einfach nëmmen, datt een den Duerfkär opgëtt fir e Projet, dee keng grouss Valeur sociale bréngt. An dat war dat, wat vun Ufank u kontestéiert war an deem Dossier."

Et géif ëm de Respekt vum Proportionalitéits-Prinzip goen, seet den Affekot.

Datt hie Recours géif maachen, däerft weder de Bauhär, nach déi Gemenge-responsabel iwwerraschen. Mee allze vill Suerge maache si sech net dowéinst. Keen aneren Dossier hätt hie sech an all deene Jore virun der Ënnerschrëft esou genee ugekuckt, seet de Buergermeeschter Camille Kohn.

"Véier Wunnenge si besser wéi guer keng"

Den 11. Juni kandidéieren zu Bech véier ausgewise Géigner vum Projet Schanz, souguer wa se all an de Gemengerot erakéimen, hätte se nach keng Majoritéit. Dovun ofgesi kann eng Baugeneemegung, déi erdeelt ass, och net einfach aus politesche Grënn nees zréckgezu ginn.

"Déi Leit, déi d'Initiatore si vun der Saach, dat sinn nach ëmmer déi selwecht. Wéi grouss hire Réckhalt an der Bevëlkerung op der Schanz ass, kann ech net soen. Ech hunn awer d'Gefill, datt - doduerch datt de Projet vill méi kleng ginn ass - d'Akzeptanz eropgaangen ass."

Ugangs war vun zéng Wunnenge rieds, déi um Site vun der aler Schoul sollten entstoen, duerno vu sechs. Um Enn sinn et der just véier, déi gebaut ginn.

"Véier Wunnenge si besser wéi guer keng Wunneng. Fir datt do och wierklech kee méi en Hoer an der Zopp ka fannen, hu mir de Projet elo esou gemaach, datt e wierklech net méi ufechtbar ass. An op där anerer Säit, fir déi déi de Projet elo net esou gutt fonnt hunn ass et kee Gewiichtsverloscht." argumentéiert de Gilles Hempel vun der Fondation, déi de Projet realiséiere wäert."

Hien ass virun allem iwwer eppes erliichtert, datt een einfach kéint mat engem Affekot esou ee Projet verhënneren, dann hätt dat warscheinlech Auswierkungen am ganze Land gehat an dat wier e fataalt Signal gewiescht, seet de Gilles Hempel.