Radioen

On air

Notturno  |  East Coast Love Affair - Date With The Rain Feat. Peter Hunningale & L. Ross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gemengen an d'Klimapolitik

Fräie Mikro

D'Gemengen an d'Klimapolitik

De Klima- an Energieplang, dee viru Kuerzem vun der Regierung presentéiert gouf, nennt d'Hausaufgaben, déi an deenen eenzele Secteuren ze maache sinn, fir datt mir d'Klimakatastroph nach evitéiert kréien. De Michel Pauly, Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum, nennt am Fräie Mikro, am Virfeld vun de Gemengewalen, e puer Konsequenzen, déi dat op Gemengenniveau misst hunn.

auto_stories

3 min

De Michel Pauly ass Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum. (Foto: Archiv)

Viru 14 Deeg huet d'Regierung den neie Plang presentéiert, wéi mier an de nächste siwe Joer kënnen derzou bäidroen, fir d'Klimakris ze stoppen. Ënnert anerem soll d'CO2-Steier weider reegelméisseg an d'Luucht goe fir 2026 bei 45 Euro pro Tonn ze leien.

Den Transportsecteur a seng Hausaufgaben

An den Deeg dono hunn ech op dëser Antenn Vertrieder vun enger Transportfirma a vun de Pëtrolsgesellschaften héiere lamentéieren, datt domat hir Käschte staark an d'Luucht ginn. Si missten déi Deierecht dem Client weiderginn. De Journalist huet leider net geäntwert. Mee dat ass jo och den Zweck vun der Übung.

Duerch méi héich Präisser soll de Wuerentransport ëmmer manner mat Camionen a méi iwwer d'Schinnen transportéiert ginn. An och den Individualverkéier muss manner ginn, wa mier eis Äerd wëllen erhalen, fir datt eis Kanner a Kandskanner nach drop kënnen ootmen a net verbrennen. Ëmmerhi weist de Bilan vun den Zäregasen, datt den Transportsecteur seng Hausaufgabe gemaach huet an 2021 6,8 Prozent ënnert dem Niveau blouf, deen een hätt däerfen erreechen, fir datt mir 2030 55 Prozent manner där Gasen an d'Atmosphär blose wéi nach 2005.

Méi wéi Vëlosweeër a Wandmillen

Dee selwechte Bilan weist, datt allerdéngs de Wunnengs- a Bürosbau seng Hausaufgab net ganz gemaach huet, an 10 Prozent iwwer deem geplangten Niveau läit. An domat kommen ech bei d'Gemengewalen, déi virun der Dir stinn. D'Gemenge kënnen net nëmmen zur Klimapolitik bäidroen, andeems se méi geséchert Vëlosweeër bauen a Plaze fir Wandmillen ausweisen, mee och am Wunnengsbau hunn se et an der Hand, streng Klimaschutzmesüren duerchzesetzen.

Ëmsou méi verwonnert war ech, datt zum Beispill an der Stad Lëtzebuerg Awunner, déi hiert eelert Wunnhaus gär géife klimagerecht ëmbauen, ofgerode kruten, d'Mazoutsheizung duerch eng Wärmepompel ze ersetzen an den Daach ëm 10 Zentimeter ze hiewen, fir e vu bannen z'isoléieren, well dofir kréiche se kaum eng Geneemegung. Da wonnert ee sech net méi, datt an enger Etüd vun Eurostat no Lëtzebuerg op der leschter Plaz lant, wat d'Energieeffizienz bei Wunngebaier ugeet.

Et geet net ouni Verbueter a Reglementer

Et soll dofir och keng DP, CSV oder ADR ziele kommen, si wiere géint eng ideologesch Verbuetspolitik, well domat weise se just, datt se d'Urgence vum Klimaschutz net kapéiert hunn. Et ass eng Illusioun ze mengen, mir kéime laanscht Verbueter a Reglementer. Am Autosverkéier musse mir eis jo och drun halen, fir datt jiddereen d'Fräiheet huet ze fueren. An et ass a Bistroe verbueden ze fëmmen, fir datt déi aner kënne fräi ootmen. An der Klimapolitik ass et d'selwecht: Eréischt andeems klimaschiedlech Gewunnechte gereegelt oder verbuede ginn, behalen eis Kanner eng Chance, weiderhin op dëser Äerd ze liewen.

Et ass keen Zweiwel, datt dat alles och fir den eenzele Bierger deier gëtt. Mee d'Gemengen hunn et och an der Hand fir ee méi klimagerechten a soziale Wunnengsbau opzeriichten oder manner bemëttelten Awunner finanziell ënnert d'Äerm ze gräifen, fir datt och si hir Wunneng besser isoléieren an domat Brennes spueren. Dat kéim hirem Portmonni an dem Klima zegutt.

Also: Denkt un de Klima, wann Dir den 11. Juni an den 8. Oktober wiele gitt.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.