Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gemengesekretären: déi heemlech Buergermeeschteren?

Gemengewalen

D'Gemengesekretären: déi heemlech Buergermeeschteren?

D'Gemengewale sinn net nëmmen eng gutt Geleeënheet, fir emol doruechter kucken ze goen, wéi eng ënnerschiddlech oder identesch Problemer d'Leit an de siwen Ecke vun eisem Land ploen. Et ass och eng Méiglechkeet sech fir Saachen ze interesséieren, déi ee soss vläicht net esou um Radar huet. Zum Beispill fir d'Fro, wat Gemengesekretären eigentlech maachen? Wat ass hir Aufgab? Heiansdo gëtt jo gesot, si wieren déi heemlech Buergermeeschteren. Fir gewuer ze ginn, ob dat och esou ass, war de Maurice Molitor op Klierf. Hie mécht eis elo de Portrait vun der Gemengesekretärin vun do.

D'Danielle Schroeder ass zënter 32 Joer Gemengesekretärin vun der Gemeng Klierf. (Foto: Maurice Molitor)