Radioen

On air

Tockcity  |  The Flints - Midnight Sunrise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gesetz iwwer Mietverträg ass ugepasst ginn

Logement

D'Gesetz iwwer Mietverträg ass ugepasst ginn

Mat enger Serie vun Amendementer huet de Logementsminister Henri Kox d'Gesetz iwwer d'Mietverträg ugepasst. Virgeholl gëtt ënner anerem eng Revisioun vum legale Plaffong vun de Loyeren.

auto_stories

2 min

Foto: Logementsministère

Lauschterenplay_arrow


Virun zwee Joer war de Projet nach duerchgefall, elo gouf nogebessert. Sougenannte Wucherloyere besonnesch op Kaffiszëmmere solle kënfteg net méi méiglech sinn, de Locataire soll méi Transparenz kréien an de bail à loyer soll méi explizitt ginn. Konkret wäert de Plaffong vum maximale Joresloyer dee bis elo bei fënnef Prozent vum investéierte Kapital louch op 3,5 Prozent erofgesat ginn. De Proprietär muss donieft d'investéiert Kapital am Kontrakt uginn, éier d'Wunneng an d'Locatioun geet. De Schlëssel fir déi Berechnung gouf op den aktuelle Stand ugepasst, sou de Logementsminister Henri Kox.

"Et ass en neie Koeffizient, ee Koeffizient dee sech der jëtzeger (Situatioun) ugepasst huet, deen awer och real ass, deen net zu Chiffere kënnt, déi an der Realitéit einfach net gefrot ginn."

Nei kontraktuell Obligatiounen

De Proprietär muss sech am Kontrakt schrëftlech engagéieren, datt hien de Plaffong anhält. Ass dat net de Fall, kann de Locataire d'Mietkommissioun saiséieren, och déi Mentioun muss an de Kontrakt. Als Sanktioun ass e maximale Loyer vun aacht Euro pro Metercarré virgesinn. Obligatoresch gëtt och de schrëftleche Kontrakt, nieft dem investéierte Kapital mussen do och d'Héicht vum Loyer, d'Acompten op Chargen, de Supplement fir Miwwelen an all eventuell aner Chargen agedroe ginn. Bäi enger Hausse vum Loyer vu méi wéi zéng Prozent kritt de Locataire zwee Joer Zäit fir d'Augmentatioun ze bezuelen, de Loyer selwer däerf och nëmmen all zwee Joer gehuewe ginn. Fir de Logementsminister wieren domat déi zwou Säiten ofgeséchert.

"Hei ass et fir mech eng Win-Wi-Situatioun. Et ass kloer, et ass aklobar, et ass transparent."

Changementer ginn et och bei de miwweléierten Zëmmeren, och hei muss d'investéiert Kapital chiffréiert ginn, de Plaffong vun 3,5 Prozent gëtt agefouert an de Kontrakt muss schrëftlech virleien. Déi nei Dispositioune sinn och bindend fir d'Colocatioun. Hei kann an Zukunft och e Contrat de colocation ofgeschloss ginn, wann de Bailleur an der selwechter Wunneng lieft.