Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Planning Familial begréisst gratis Verhiddungsmëttel

Gesellschaft

De Planning Familial begréisst gratis Verhiddungsmëttel

Zënter leschtem Samschdeg ginn d'Käschte fir all Zort vu Verhiddungsmëttel zu 100 Prozent an ouni Alterslimitt vum Staat iwwerholl. Domat gëtt ee Walversprieche vun dëser Regierung ëmgesat. De Planning Familial huet sech laang dofir agesat a freet sech iwwer déi nei Moossnam, seet awer och, datt dat eleng net duergeet.

auto_stories

2 min

Foto: Unsplash / rhsupplies

Mat där neier Mesure ginn nieft all de gängege Verhiddungsmëttelen och d'Pëll duerno, an d'Sterilisatioun bei der Fra, respektiv d'Vasektomie beim Mann vum Staat komplett rembourséiert. Datt grad dës permanent Empfängnisverhiddung och ënner déi Mesurë falen, ass ee wichtege Schrëtt, fënnt d'Presidentin vum Planning Familial Ainhoa Achutegui.

Méi Selbstbestëmmung

Mat Ausnam vun der Pëll duerno ass fir all Verhiddungsmëttel eng medezinesch Ordonnance noutwendeg. Nach net rembourséiert ginn d'Kondomer. Dës kritt een awer op ganz ville Plazen uechter d'Land gratis.

Dem Ainhoa Achutegui no bedeit déi nei Mesure méi Recht op Selbstbestëmmung.

"Et weist, wéi wichteg fir d'Gesellschaft eng reproduktiv- a Sexualgesondheet ass, an datt d'Leit kënne selwer decidéieren, wéi si hiert Sexualliewen esou gestalten, datt si och iwwer hir Reproduktivrechter verfügen an och decidéieren, ob si Kanner wëllen oder net."

Dem Gesondheetsministère no dierft Lëtzebuerg mat der neier Mesure elo och am europäesche Verhütungsatlas klammen, deen europawäit den Zougang zu Verhiddungsmëttele vergläicht. Bis elo war Lëtzebuerg do schonn an den Top 10. D'Ainnhoa Achutegui mengt, datt Lëtzebuerg elo souguer op Plaz 1 komme kéint.

Et feelt weider un Opklärungsaarbecht

Niewent der Gratuitéit wier awer och d'Opklärungsaarbecht wichteg, betount d'Ainhoa Achutegui. Vill Schoule géifen nach ëmmer keng Sexualopklärung ubidden an dat misst sech änneren. "An enger idealer Welt wier et sou, datt Schülerinnen a Schüler eng Sexualopklärung kréie mat aacht Joer, dann erëm mat zéng an da mat zwielef."

De Planning Familial an och nach aner Institutioune géife scho vill Opklärungsaarbecht maachen, mee dat wier nach net genuch, seet d'Ainoha Achutegui. Virun allem an de Schoule géif et nach un Opklärungsaarbecht feelen. Dofir verlaangt de Planning Familial vun der Regierung schonn zënter Joren och eng Enquête iwwer d'Verhiddungspraktiken, fir méi geziilt schaffen ze kënnen.