Wärend Wochen hat ee sech op déi dach aussergewéinlech Schoulrentrée virbereet. Sanitär Ekipementer, Markéierungen an d'Opstellung vun de Gruppen, déi och parallel zur Maison Relais huet misste funktionéieren. D'Kanner hate fir an d'Schoul eng Mask un, dëst mat Ausnam vun deene klenge Butzen, déi keng hu bräichten ze droen. D'Schüler ware frou erëm do ze sinn, hir Frënn a Kolleegen ze gesinn, mee dat mat der Mask war net esou einfach.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ D'Grondschoul wéi nach ni virdrun
Educatioun
D'Grondschoul wéi nach ni virdrun
D'Grondschoul huet de Méindeg hir Dieren no zéng Woche Confinement nees opgemaach. Wochelaang ass an de Gemenge geschafft gi fir déi sanitär Reegelen och an de Schoulen ëmzesetzen. Den Educatiounsminister Claude Meisch war zu Diddeleng d'Grondschoul Ribeschpont besichen. Déi 156 Schüler aus den néng Klasse goufen an zwou Gruppen opgedeelt.
auto_stories
1 min