Radioen

On air

Notturno  |  Tele-Port - Reconnect

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Grondwaasser ass an engem schlechten Zoustand

Weltwaasserdag

D'Grondwaasser ass an engem schlechten Zoustand

Een Drëttel vum Grondwaasser kann aktuell net als Drénkwaasser benotzt ginn, well et ze knaschteg ass. 13.000 Kubikmeter kéinte pro Dag net méi geliwwert ginn - dat entsprécht dem Verbrauch vu 65.000 Leit, seet d'Magali Bernard vun der Waasserverwaltung.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Grondwaasser mécht zu Lëtzebuerg ronn d'Hallschent vum ganzen Drénkwaasser aus. Den Zougang zu propperem Drénkwaasser wier net selbstverständlech an et misst ee léieren, dës Ressource wäertzeschätzen, sou déi gréng Ministesch Carole Dieschbourg.

Eng Kultur fir de Waasserschutz

Dofir misst een zu Lëtzebuerg eng Waasserschutzkultur entwéckelen. Dat hätt een déi lescht Joren och gemaach, esou d'Carole Dieschbourg, andeems zesumme mat Gemengen a Gemengesyndikater Drénkwaasserquellen ausgewise goufen, esou d'Carole Dieschbourg.

Bis een e Resultat gesäit, géif et allerdéngs e bëssen daueren, esou d'Ëmweltministesch: et bräicht eng Ëmstellung vun allen Acteuren um Terrain an ee klore Kader.

13.000 Kubikmeter onbrauchbaart Waasser

Den Ament kéint ronn een Drëttel vum Waasser net als Drénkwaasser genotzt ginn, well et ze knaschteg wier, esou d'Magali Bernard vun der Waasserverwaltung.

13.000 Kubikmeter Grondwaasser kéinte pro Dag net méi geliwwert ginn - dat géif dem Drénkwaasserverbrauch vu méi wéi 65.000 Leit entspriechen.

Grond fir d'Verknaschtung wiere mënschlech Aktivitéiten, preziséiert d'Magali Bernard: Besonnesch d'Landwirtschaft wier e Risiko fir d'Drénkwaasserqualitéit.

Fir déi nächst Joren sollen d' Investitioun fir de proaktiven Waasserschutz vun 2 op 8 Milliounen Euro eropgesat ginn, esou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.