Radioen

On air

Notturno  |  Jenny Owen Youngs - Avalanche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Handwierksvertrieder schloen Alarm wéinst der Situatioun am Bau

Wéinst Aktivitéitsréckgang

D'Handwierksvertrieder schloen Alarm wéinst der Situatioun am Bau

D'Handwierksvertrieder schloen Alarm wéinst der Situatioun am Bau. Dem STATEC no kéinten d'nächst Joer eng 1.500 Wunnenge manner gebaut gi wéi dëst Joer. Dat wier eng Baisse vu ronn engem Drëttel. D'Chambre des Métiers an d'Federation des artisans warnen dowéinst virun engem Abroch am Bausecteur. Wann d'Politik keng Mesuren decidéiert, géif ee Faillitten a Chômage riskéieren.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


An dat, well aktuell ganz wéineg an de Logement investéiert géif ginn. Dat géif sech negativ op d'Constructiouns- an Handwierksbetriber auswierken, sou de Paul Nathan, Vizepresident vun der Chambre des Métiers. A wann de Logement bis abrécht, da wier dat och de Fall am Bausecteur. Well d'Bauen e kapitalintensive Prozess wier géif eng Baisse vun der Aktivitéit och direkt en Abroch am Bauhandwierk bewierken.

De Secteur fuerdert eng Rei Hëllefen

Et géif eng Baisse gi bei den Notairesakte fir d'Vente vun neie Wunnengen. Wat Baugeneemegunge betrëfft gouf et dëst Joer och ee Réckgang vu ronn 30 Prozent. Fir all dem entgéingt ze wierken,wënschen d'Handwierksvertrieder sech eng Rei Mesuren. Dës Mesurë sollte fir zwielef Méint gëllen an d'Investissementer redynamiséieren, sou de Vizepresident vun der Federation des Artisans, de Roland Kuhn, selwer Promoteur. Ënnert anerem sollt d'TVA op alles, wat de Logement betrëfft, nees zeréck op dräi Prozent gesat ginn. Ausserdeem sollt de Staat mat Hëllef vun extra Fonge selwer Wunnenge kafen. Doriwwer eraus dierfte Clienten net bestrooft ginn, wa si eng Wunneng op Stock kafen.

"Wann Dir lo am Gaange sidd mat bauen, an Dir baut ee Block mat 5 Haiser. Wann der zwee lo verkaf sinn an déi aner 3 ginn op Stock gebaut, dat heescht mir bauen se, ouni dass se verkaf sinn, da riskéiert de Client, den se da keeft, 7 Prozent Enregistrement ze bezuelen op der quote-part construction réalisée."

Logementsminister wëllt am Februar Mesurë presentéieren

Mat esou Mesurë géif dofir gesuergt ginn, datt weider ka gebaut ginn. Aktuell wieren nämlech bei engem Drëttel vun den Handwierksbetriber de Carnet de commande op manner wéi dräi Méint ausgebucht. Eng Entrevue mam Logementsminister Henri Kox gouf et haut Méindeg och schonn. Dee wéilt fir Enn Februar eng Rei Mesuren dozou presentéieren.