Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Heemecht oder de Patron?" - Portrait vun engem Duerf

Franséisch Présidentiellen 2017

"D'Heemecht oder de Patron?" - Portrait vun engem Duerf

Am éischten Tour vun de franséische Presidentiellë sinn de Jean-Luc Mélenchon an d'Marine Le Pen zu Mairy-Mainville mat all Kéiers bal 30 Prozent vun de Stëmmen am Beschte gewielt ginn. Grond fir de Succès vum Front National am 600-Awunner-Duerf wier den héije Chômage-Taux. Mairy-Mainville steet sech ekonomesch net gutt.

auto_stories

5 min

Mairy-Mainville läit 30 Kilometer südlech vun Esch-Uelzecht am Departement Meurthe-et-Moselle. Direkt nieft der Kierch ass dem Mike Schaack säin Haus, ee bal 500 Joer aalt fréiert Schlass. Ronderëm ee grousse Bannenhaff stinn ee renovéiert Wunnhaus, eng Ruin an een ale Schapp.

Uganks den 90er Joren huet de Bau-Entrepreneur d'Gebai kaaft, an deem hie mat senger Fra a senge zwee Bouwe wunnt. Dem Mike Schaack no hätt et net misste Mairy-Mainville sinn. "Et konnt quasi net Lëtzebuerg sinn. Ech konnt do kee Fouss méi faassen. Ech kommen net aus enger räicher Famill, wou een da vläicht eppes huet, wou ee kann drop opbauen."

Baueren a Biergaarbechter

Dem Mike Schaack seng kleng Renovatiounsfirma huet hire Siège zu Esch. Hien ass deemno wéi vill anerer hei an der Géigend am Alldag ee Frontalier. Säin Noper, de Gérald Pedon ass kee Frontalier, mä hie schafft an der Regioun bei de Ponts et Chaussées. Säin Heemechtsduerf Mairy wier a senger Kandheet ee Baueren-Duerf gewiescht, erzielt hien. "Deemools gouf et op d'mannst eng hallef Dose Baueren. Haut gëtt et just nach een."

Zur Gemeng Mairy-Mainville gehéiert och d'Nopeschduerf Mainville, dat ee bëssen anescht wier. Wéinst der Minn zu Mainville hätte vill Biergaarbechter do gewunnt. Dat wier elo eriwwer, seet de Gérald Pedon.

Datt et der Gemeng net ganz gutt geet, kéint een un der Entwécklung vun den Immobiliepräisser gesinn, mengt de Mike Schaack. Déi géifen ëmmer weider falen. "An et ass nach net eriwwer".

Ekonomesche Verfall

Weder eng Post, nach Bank oder ee Commerce ass haut méi iwwereg. Eng Bäckerei géif et schonn zënter ronn engem Joerzéngt net méi ginn, seet de Gérald Pedon. Déi al Bäckerei steet nach ëmmer eidel. Direkt niewendru wunnt de fréiere Patron René Bertin, dee mat senger Fra Nelly de Buttek gefouert huet.

Déi fréier Bäckerei

Viru puer Joer sinn de René Bertin a seng Fra an d'Pensioun gaangen. Een Aschnëtt, deen deem ale Mann nach haut Tréinen an d'A dreift. Seng Fra wier net prett gewiescht fir an d'Pensioun ze goen, seet de René Bertin. "De Broch mat hire Cliente war ganz haart fir si. Mä dat ass d'Liewen. Mir liewen nach, dat ass dat Wichtegst."

"Et gëtt keng FN-Struktur"

De René Bertin wëll net verroden, fir wien hie gestëmmt huet. "Net fir déi extrem Parteien", seet hien. Datt d'Leit zu Mairy-Mainville sou vill Front National wielen, kéint hien deelweis novollzéien.

“Mä ech gesinn net, wéi ee Land wéi Frankräich seng Grenze kann zoumaachen. Mir kënnen an eiser Zäit net verschlosse liewen. Europa ass gutt, mä et gi genuch Saachen, déi reforméiert musse ginn.” - René Bertin

Fir datt d'Saachen zu Mairy-Mainville bougéieren, huet de Mike Schaack 2014 just puer Woche virun de Gemengewahlen decidéiert, zesumme mat Bekannten eng Lëscht opzesetzen. Déi Lëscht huet d'Wahlen dunn och gewonnen a stellt haut mam Norbert Kuen de Buergermeeschter.

Mat op der Lëscht war och d'Michelle Boudot. Déi pensionéiert Sozialaarbechterin ass éischt Adjointe vum Buergermeeschter. Si wunnt net wäit eweg vum Mike Schaack am fréiere Paschtoueschhaus hannert der Kierch. "Mir hunn e Budget vu ronn 360.000 Euro fir de Fonctionnement a bal 80.000 Euro fir Investissementer. An dovu bezuele mir schonn ee Prêt vun 18.000 Euro zréck. Finanziell kënne mir also näischt maachen."

An der Lokalpolitik géifen de Front National, an d'Parteien allgemeng, kaum eng Roll spillen, seet d'Michelle Boudot. Bei de leschte Gemengewahle stoung eng Lëscht dem Front de Gauche no. Déi aner Lëschten hu sech zesummegesat aus Kandidaten, déi kenger Partei ugehéieren. "Et gëtt keng FN-Struktur", seet d'Michelle Boudot.

Grouss Zoustëmmung fir de Front National

Datt de rietsextreme Front National an der Lokalpolitik kaum präsent ass, kann erstaunen. Am éischten Tour vun de Presidentschaftswahle 2012 an och den 23. Abrëll dëst Joer krut d'Marine Le Pen zu Mairy-Mainville jeeweils bal een Drëttel vun de Stëmmen. D'Wieler géifen dat awer dacks net oppen zouginn, seet d'Adjointe vum Buergermeeschter.

"Ënner de Leit, déi ech kennen huet kee fir de Front National gestëmmt. Wa si allerdéngs an den zweeten Tours kënnt, wäerte si erwächen." - Michelle Boudot

Och beim Mike Schaack doheem gëtt iwwer de Succès vum Front National a sengem friemefeindleche Programm gerätselt. Fir de Gérald Pedon ass de Vote FN d'Konsequenz vum héije Chômage. "Wa mir muer amplaz zéng Milliounen Chômeuren zwee Drëttel manner hätten, da géifen d'Leit net fäerten, wann een Auslänner ukënnt."

De Mike Schaack kann als Lëtzebuerger bei de Presidentschaftswahlen net matstëmmen. Mä wann, dann hätt hien am éischten Tour dem Sozialist Benoît Hamon seng Stëmm ginn. Säin Noper huet am éischten Tour fir d'Nathalie Arthaud vun der lénker "Lutte Ouvrière" gestëmmt, sou wéi fënnef aner Leit am Duerf.

De Gérald Pedon

"Pescht oder Cholera?"

Fir eng Victoire vum Marine Le Pen ze verhënneren, wëll de Gérald Pedon am zweeten Tour de 7. Mee fir de liberalen Emmanuel Macron stëmmen.

"Hie kann iwwerzeegend sinn, wann hie vum gudde Wëlle bei allem schwätzt. Mä sou wéi ech de Macron a säi sozialen Hannergrond kennen, als Banker...da bleift awer een Doute."

De Choix tëscht Marine Le Pen an Emmanuel Macron wier op alle Fall een, deen hie perplex géif maachen, seet de Gérald Pedon, a faasst et esou zesummen: "D'Päscht oder d’Cholera?" Wourobber de Mike Schaack äntwert: "Oder wéi d'Paräisser Lycéesschüler soen: D'Heemecht oder de Patron?"